"Kultur ass eng Kraaft fir nohaltege Fridden"

D'United Nations Education, Science and Culture Organisation (UNESCO) mat Sëtz zu Paräis gouf de 16. November 1945 gegrënnt a feiert am Dezember dëst Joer hire 70. Anniversaire. Mat e Grond fir d'Simone Beck als nei genannte Presidentin vun der lëtzebuerger Unesco-Kommissioun Bilan ze zéien an nei Objektiver ze definéieren.

20150924-Commission UNESCO-7029 D'Simone Beck (1. Rei, 2. v.l.) bei der Ernennung de 24. September vun der neier nationaler UNESCO-Kommissioun

Déi national Kommissioune fir d'Kooperatioun mat der UNESCO sinn 1949 als consultativ Organer an d'Liewe geruff ginn. Zu Lëtzebuerg huet d'Kommissioun 1984 mam Jean-Pierre Kremer als President hir Aarbecht opgeholl. D'Geschichtsenseignante Simone Beck huet elo seng Successioun iwwerholl.

Wat ass zanter 1984 zu Lëtzebuerg erreecht ginn?


  • 1994 sinn d’Festung an d’Alstad op d’Lëscht vun de Weltkulturierwe komm.

  • 2003 gouf d’Fotoausstellung Family of man (vum Edward Steichen) an de Regëster vum Welt-Dokument-Ierwen opgeholl

  • 2010 ass d’Sprangprëssessioun zum immaterielle Weltkulturierwen erkläert ginn

ng weider Inscriptioun op enger Lëscht vun de Weltkulturierwen hält d’Simone Beck fir Lëtzebuerg fir wéineg sënnvoll. Si gesäit hir Responsabilitéit ënnert anerem doronner, dass méi Wëssen iwwer dat kulturellt Ierwe vermëttelt gëtt.

An hirer éischter Sëtzung huet déi nei UNESCO-Kommissioun iwwer méiglech Prioritéiten diskutéiert. Een Aarbechtsgrupp kéint sech mam Schutz vum architektonesche Patrimoine beschäftegen, well do een neit Gesetz ënnerwee ass. Am Beräich Educatioun wier eng Iddi sech mat der Flüchtlingsfro beschäftegen, sou d'Simone Beck: "Well mat deene ville Kanner aus net europäesche Länner, déi elo bei eis kommen, stellen sech nei Erausfuerderungen, wou mir vläit Erfahrungen oder Kontakter kënnen abrénge fir deene Leit, déi mat hinne befaasst sinn, d'Situatioun manner schwéier ze maachen."

Austausch tëscht Lëtzebuerg a Syrien

Déi nei Unesco-Presidentin ass iwwerzeegt, dat d’Kultur eng Kraaft fir en nohaltege Fridden ass. Fir de 70. Gebuertsdag vun der Unesco plangt d’Simone Beck Enn des Joers een "lëtzebuergesch-syreschen Echange". Konflikter, wéi deen a Syrien an op villen anere Plazen op der Welt, géifen d’Unesco an hirem “c” treffen, well kulturellt Ierwen zerstéiert gëtt.

Materiell hätt d’Unesco keng Méiglechkeeten, ënnert anerem géint d’Sprenge vu Weltkulturierwe virzegoen. D’Organisatioun wéilt sech fir méi Kontrollen am Kampf géint den Handel mat geklaute Kulturgidder asetzen, an d’Bewosstsinn fir d’Kulturen an de Kriseregioune schäerfen. Well, sou d'Simone Beck: ouni Clienten, keen Handel.

Audio:

Den Interview vum Kerstin Thalau mam Simone Beck:

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen