Méigleche Copyright-Verstouss Konschtbiennale vu Stroossen: Betraffe Fotografin reagéiert

D'Konschtbiennale zu Stroossen ass mat engem méigleche Verstouss géint Copyright confrontéiert. Déi sino-amerikanesch Fotografin Jingna Zhang beschëllegt de Jeff Dieschburg, ee vun de Laureaten, eng vun hire Fotoen als Virlag fir een Tableau benotzt ze hunn.

Vesna Andonovic / cbi

Lénks ass d'Bild vum Jeff Dieschburg, riets d'Foto vun der Jingna Zhang
Lénks ass d'Bild vum Jeff Dieschburg, riets d'Foto vun der Jingna Zhang. Foto: facebook.com/zemotion

Fir op déi Reprochen ze reagéieren, huet d'Jury vun der Konschtbienalle decidéiert ee Spezialist an der Matière ze consultéieren, wéi si an engem Communiqué matgedeelt hunn. Bis dëse juristeschen Avis virläit, wëllt de Jury keng weider Stellungnam zum Sujet ginn.

Copyright géif engem Artist seng Liewensgrondlag schützen, seet déi betraffe Fotografin Jingna Zhang am 100,7-Interview. Et géif ee jo och net einfach an e Geschäft eragoen an eppes doraus mathuelen, ouni ze bezuelen.

D'Jingna Zhang zum Plagiatsvirworf (Englesch)

Fir déi bekannte Fotografin ass et an der Rei, wa Studente sech Virlagen huelen an och bekannte Wierker nomolen.

Fir ze übe wier dat gutt, mee wann et ëm een offizielle Portfolio geet oder wann een dorausser ee kommerziellen Notze schléit oder ee Präis bei enger Kompetitioun geet, wier dat net an der Rei.

Et géif sech hei kloer ëm ee Verstouss géint der Jingna Zhang hire Copyright handelen, esou déi sino-amerikanesch Fotografin.

Net verpassen

Programm

  • Concert - Léiffrawëschdag

  • On air

    Spektrum - The Wombats - Oumou Sangaré

  • Noriichten

  • Spektrum - Caminero Quintet

  • Noriichten

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen