Nei Filmer Konfuse Journalistefilm

Eng amerikanesch Journalistin (Anne Hathaway) geréit an en illegale Waffenhandel tëschent den USA an Nicaragua. "The Last Thing he Wanted" ass déi psychologesch wéineg plausibel Verfilmung vun engem Joan Didion-Roman. Leeft op Netflix.

Michel Delage

FILMKRITIK Anne Hathaway
D'Journalistin Elena (Anne Hathaway) kritt et mat louchë Personnagen ze dinn

D'Elena McMahon (Anne Hathaway), Reporterin bei enger Washingtoner Dageszeitung, kënnt vun engem geféierlechen Asaz aus El Salvador zeréck. D'Zeitung setzt doropshin de Mëttelamerika-Büro op Äis. D'Elena muss elo e vergläichsweis méi langweilegen Job iwwerhuelen - si couvréiert nämlech d'Walkampagne vum Republikaner Ronald Reagan, deen en zweet Presidentemandat ustrieft. Wéi hire kranke Papp (Willem Dafoe) si freet, e lescht ''Geschäft'' fir hien ofzewéckelen, geréit d'Journalistin an e Waffeschmuggel, deen no CIA a politescher Korruptioun richt.

Iran-Contra-Skandal

''The Last thing he wanted'' ass eng Adaptatioun vun engem romantesche Thriller mam selwechten Titel, deen d'New Journalism-Ikon Joan Didion 1996 verëffentlecht hat. Et ass dee fënnefte Long metrage vun der Regisseurin Dee Rees. Bis dohin hat si virun allem afro-amerikanesch a queer Thematiken opgegraff.

Inspiréiert huet si sech dës Kéier um Iran-Contra-Skandal aus den 1980er Joren. Fir am Nicaragua d'Contras, also anti-kommunistesch paramilitäresch Gruppen trotz engem Embargo kënnen ze finanzéieren, haten d'USA Mëtt den 80er e geheime Waffenhandel mam Iran a Kombinatioun mat engem illegalen Drogentrafic organiséiert. Eng nawell komplizéiert Affär, déi dem deemolegen amerikanesche President Reagan duerchaus säi Posten hätt kéinte kaschten.

Motivatiounen onkloer

De Film verzicht drop, déi sëlleg Ramifikatioune vun deem Skandal auserneenzehuelen a se dem Spectateur méi oder wéineger pedagogesch ze erklären. Well den Haaptpersonnage eng Journalistin ass, hätt ee sech duerchaus e klasseschen Investigatiounsfilm respektiv politesche Thriller kéinten erwaarden.

Mee nee: d'Reporterin gëtt an d'Affär verwéckelt, well si fir hire Papp aspréngt. An dee verdéngt säi Brout mat louchë Geschäfter. An do fänkt de Film u problematesch ze ginn. An eng scho komplex Situatioun, déi vläicht grad e bësse méi Lisibilitéit gebraucht hätt, kënnt nach méi Komplexitéit dobäi. Mam Resultat, datt ee sech soss anzwousch muss schlau maachen, fir méi iwwer d'Iran-Contra-Affär gewuer ze ginn.

Virun allem versteet een net wierklech, firwat d'Fra iwwerhaapt hiert Liewe riskéiert, wat si undreift. Ass et de journalisteschen Instinkt? Ass si grad undercover ënnerwee, falls et hei ëm Journalismus sollt goen? Aus wéi engem Grond akzeptéiert si, sech op déi illegal Geschäfter vun hirem Papp anzeloossen?

Anne Hathaway fir eng Kéier manner sophistiquéiert

De Film hëlt sech keng Zäit, fir dës Pisten ze entwéckelen an esou fir e Minimum u psychologescher Plausibilitéit ze suergen. Dofir gëtt d'Handlung nach zousätzlech belaascht mat Saache wéi enger ugespaanter Mamm-Duechter-Relatioun, den Nowéie vun engem Broschtkriibs respektiv enger Libesaffär mat engem zweedeitege Regierungsbeamten (Ben Affleck), bei deem ee sech freet, firwat deen op eemol do ass, wou en ass. An esou Froe stellt ee sech am Laf vum Film nach méi.

Vun engem däitlech méi iwwersiichtlechen Dréibuch hätt eventuell och d'Anne Hathaway an der Roll vun der Journalistin profitéiert. Fir eng Kéier huet si keng ultra-sophistiquéiert äiskal Tussi misste spillen. Dofir gëtt de Personnage phaseweis vun enger poetescher Oder ergraff, déi och net onbedéngt vun dëser Welt ass. Dovun ofgesi kann ee sech ''The Last Thing he Wanted'' roueg entgoe loossen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Costa-Gavras.JPG
Film

Hie sollt op Lëtzebuerg kommen am Kader vum LuxFilmFest, de Coronavirus huet anescht entscheet. Mir maachen e Réckbléck op d'Karriär vum grousse franséisch-griichesche Cineast Costa-Gavras.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen