De Gudden Toun KlimaWandelSchutzKris
No der renger Männer-Ekipp am Februar, ass dës Kéier nees eng gemëschten Ekipp um Dill, fir sech De Gudden Toun streideg ze maachen: Josiane Kartheiser, Fabienne Elaine Hollwege, Claire Thill, Nora Wagner, Gast Groeber a Francis Kirps.
Klimawandelschutzkris ass zwar e gudde Kandidat, fir d'Wuert vum Joer 2021 ze ginn. Allerdéngs sinn d'Gäscht an De Gudden Toun manner gewëllt, iwwer d'Wichtegkeet an d'Richtegkeet vun dësem Wuertspill ze diskutéieren, wéi iwwer den Eescht vun der Situatioun a punkto Klimawandel a Klimakris. Ob si déi aktuell Beméiungen, fir eis Ëmwelt besser ze schützen, ze luewe wëssen?
Dat ass eng weider Fro, déi an dëser Emissioun gekläert gëtt.