Bicherkritik Kleng Bicher - grouss Geschichten

Editions Kremart huet nieft der Timba-Serie en nach méi klengt Literatur-Format. An der Serie "BUCK-TU-GOU" sinn elo zwou Mini-Geschichten vum Tullio Forgiarini publizéiert ginn an bei Timba der Jackie Messerich hir Erzielung "Pappendag". D'Valerija Berdi huet se all gelies.

Valerija Berdi / cbi

Kleng Bicher, grouss Geschichten

"Pappendag" vun der Jackie Messerich ass als Hommage u verstuerwe Pappe geduecht. D'Autorin schreift an hirem Virwuert, datt hire Papp 2012 gestuerwen ass, an datt si fir dës Trauer ze verschaffen iwwer hire Papp geschriwwen huet.

Pappendag nom Liewen

D'Erzielung geet domat un, datt de Pier a sengem Veräin ukënnt an do sëtze schonn all seng Kolleege beim Humpen.

Bon, et ass dann eben am Himmel, oder wou een eventuell kéint hikommen, wann een net méi lieft. An dëser Welt ass dann och Pappendag an do ginn et keng Kaddoen, mee Temoignage vun Duechteren. Si héieren d'Stëmme vu verschiddene Fraen.

Erënnerungen a Brochstécker

Mir liesen dann dës Aussoe vu verschiddene Fraen, déi net erfonnt sinn, d'Jackie Messerich huet déi gesammelt an hei dann zesumme gestallt.

Et sinn natierlech ganz ënnerschiddlech Erënnerungen a ganz fragmentaresch, et ass wéi d'Autorin seet: sou wéi Erënnerungen a Fragmenter kommen, kommen och dës Opzeechnungen... a Brochstécker.

Zwee keng Bicher fir an d'Boxentäsch

Dann nach zwou Geschichte vum Tullio Forgiarini, "Pantasialand" an "Un deen Dag, wou ech Auslänner gi sinn." Déi zwee sinn an der Serie "Bucktugou" an der Versioun "Hot Chocolate" erauskomm.

Vläicht fir d'éischt e puer Wuert iwwer d'Format: Déi Bichelcher sinn esou kleng, datt ee se wierklech an d'Boxentäsch ka stiechen, si kaschten och just 1 Euro an si geduecht, wéi den Numm et scho verréit, fir bei enger Taass Kaffi oder engem Schocki ze liesen, al aner Gedrénks ass awer selbstverständlech erlaabt.

Et steet och vir drop, wéi laang een fir ze liese brauch, et ass jo u sech eng Uspillung un eis Zäit, wou kee Mënsch méi Zäit fir iergend eppes huet. Wéi dacks héieren ech, ech géif jo gären, mee hu keng Zäit fir ze liesen: hei huet een déi Excuse da wierklech net méi.

An déi soll een op kee Fall hunn bei den zwou klenge Geschichte vum Tullio Forgiarini, déi u sech fir méi e jonke Public geduecht sinn, also, mech hu se immens beréiert.

Vu Sarajewo op Lëtzebuerg

"Phantasialand" erzielt d'Geschicht vun engem Meedchen, dat elo 14 Joer al ass a mat den Elteren aus Sarajewo op Lëtzebuerg geflücht ass. Deemools war et sechs Méint al an et ass e klenge Réckbléck op dat ganzt Hin a Hier.

Et ass aus der Siicht vum Anita geschriwwen, also deem jonke Meedchen, wat deem ganzen déi néideg Harmlosegkeet an Naivitéit gëtt an doduerch de ganzen Nonsens vum Rassismus a vu Grenzen ervirhieft.

Firwat heescht d'Geschicht "Phantasialand" - ma , dierf e Flüchtlingskand mat der Schoul an d'Ausland fueren? Wéi et dem Anita gaangen ass, dat sollen d'Leit da selwer liesen.

Zeenen aus dem Schoulhaff

An der Geschicht "Un deen Dag, wou ech Auslänner gi sinn." gi mer an dem Tullio Forgiarini seng Kandheet zréck - Zeenen am Schoulhaff, an dann dee Moment, wou deng Schoulkolleegen der ze verstoe ginn, datt s du manner wäert bass, well s du en italienesche Familljennumm hues.

Och hei e ganz beandrockende Forgiarini, well en net just iwwer d'Situatioun vu klenge Bouf erzielt, mee eben och déi Idiotie op esou eng treffend Manéier entlarvt an dat Ganzt och an de soziale Kontext setzt.

Obwuel déi zwou Geschichten esou kleng a kuerz sinn, stécht enorm vill dran.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Ania Di Bartolomeo - Koma21
Buchkritik

Bei Editions Binsfeld ass den neie Roman vun der Anja Di Bartolomeo eraus komm: ee Jugendroman, an dat net just inhaltlech, mee och sproochlech: "Wann s de rose bass, da fills du, datt s de nach liefs."

Déck Frënn Buchkritik
Karikatur

d'Land-Lieser kenne se, déi bësseg Comic strip-Rubrik "Déck Frënn" vum Duo Skif & Dresch. Elo läit hir Produktioun aus der Period 2019-2020 a Buchform vir: "Déck Frënn. La Comédie inhumaine".

Kertin Medinger - Le Départ Buchkritik
Literatur

Eng eeler lesbesch Koppel, zwee Jugendlecher an e Schrëftsteller um Wee a Richtung Fräiheet. Dat ass de Sujet vu "Le Départ", deem éischte Roman vun der 37 Joer aler Kerstin Medinger.

Pit Schlechter -  Fléiepëlz Buchkritik
Literatur

Als eng kritesch-humoristesch Bestandsopnam vun der Lëtzebuerger Sprooch kéint een dem Pit Schlechter seng Textsammlung "De Fléiepëlz. E Lëtzebuerger Orbis Pictus" (Kremart Edition), ëmschreiwen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen