Wëlzer Festival Klassik a Rock beim Wëlzer Schlass

De Wëlzer Festival huet seng Affiche fir dëst Joer presentéiert. D'Hochzäit vum Figaro an d'Gypsy Kings - wann dat eklektesch kléngt, da war et och esou gemengt. Enn Juni bis Ufank Juli, an där Zäit steet zu Wolz déi spektakulär Kuliss vum Schlass prett, fir grouss a kleng Nimm aus der Musek d'Roll vum molereschen Hannergrond ze spillen.

Marc Clement / cz

Wëlzer Festival
Foto: Martina Pipprich

Den Tréier Theater wäert de Lieu a seng Mise en Scène vun den "Nozze di Figaro"vum Mozart mat abannen; deen a Kollaboratioun an ee mam Atelier organiséierte Concert vum Passenger wäert eventuell vun engem Sonnenënnergang profitéieren.

Headliner am Beräich vun der populärer Musek sinn d'Pop-Zigeiner Gypsy Kings; d'Schwede Mando Diao sinn dee Moment op Tour mat hirem neien Album a maachen een Ofstiecher. Den Jazz ass mam Marly Marques Quintet a mam Ara Sextet, deen ënner anerem de Pol Belardi an de Bojan Z a senge Reien zielt, zweemol um Rendez-vous. D'Lëtzebuerger Rockzeen ass mam Songwriter Bartleby Delicate an der Alternativrockband Tuys vertrueden.

Ee besonneschen Accent sollt dës Kéier drop geluecht gi ganz Wolz mat an de Festival anzebannen, an am selwechte Geste och déi aner Konschten zu Wuert kommen ze loossen. Ënner der Leedung vum Luc Spada gastéiert de Festival um ale Muart zu Wolz mat Liesungen iwwer d'Stad an hir Geschicht, oder Geschichten iwwer Dierfer a Stied (Gast Groeber, Isabel Spigarelli).

Wat geschitt mat engem Handyschnappschoss oder Selfie, wann een e selwer zeechne muss? Dës Fro probéiert d'Kënschtlerin Suzan Noesen mat de Visiteuren ze beäntwerten.

Fir déi Kleng gëtt de Musical "Der kleine Drache Kokosnuss" vum Theater Lichtermeer opgeféiert.

De Festival vu Wolz ass vum 27. Juni bis den 12. Juli beim Schlass. De ganze Programm fannt Dir op www.festivalwiltz.lu.

Méi zum Thema

Marc Scheer an John Rech
Fête de la Musique 2019

Den 21. Juni ass den Dag fir Museksfrënn a fir déi, déi et wëlle ginn, besonnesch wat zu Lëtzebuerg gemaachte Musek ugeet. Och dëst Joer ass e grousse Programm fir d'Fête de la musique zustane komm.

Festival Wolz
Norden

Wolz wëll méi attraktiv ginn. Dobäi setzt d'Capitale des Ardennes ënner anerem op d’Kultur. De Wëltzer Festival, deen an deene leschte Joere grouss finanziell Problemer hat, kritt eng nei Nues.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen