D'Nora Wagener huet schonn eng Rei Bicher geschriwwen. No "Menschenliebe und Vogel, schrei" an "E.Galaxien" huet si zesumme mam Luc Caregari e Kannerbuch, "D'Glühschwéngchen" geschriwwen. Nieft de Bicher huet d'Nora Wagener en Theaterstéck an eng Rei vu Bäiträg an Anthologië fir Literaturzäitschrëfte geschriwwen.
"LARVEN" heescht dat neit Buch vun der jonker Schrëftstellerin am ass bei Hydre Éditions publizéiert ginn. Et ass ee Band mat kuerze Geschichten, net Kuerzgeschichten, betount d'Autorin. Bestëmmte Parametere géife Kuerzgeschichten definéieren: Si géifen sech zum Beispill bannent engem konkreten Zäitraum ofspillen oder an engem gewëssene Setting. "Dat ass bei dësem Buch, bei ville Geschichten net de Fall", esou d'Schrëftstellerin. Verschidde Geschichte wieren nämlech a Bréif-oder Tagebuchform erzielt, mee och Monologe wieren derbäi. "Et ass ee Sammelsurium vu verschidde Forme vu kuerzen Texter."
Kommunikatiounsproblemer
Tëschemënschlech Bezéiunge sinn de roude Fuedem duerch dës Geschichten: Relatiounen tëschent Geschwëster, Frënn a Koppele ginn thematiséiert. Oder einfach den Nexus zu sech selwer, zu der eegener Ëmwelt an zum eegenem Ëmfeld. All Mënsch hätt a sengem Alldag mat Kommunikatiounsproblemer ze dinn an déi geséich een och bei aneren, erkläert d'Nora Wagener. D'Schrëftstellerin wollt kucken, wéi Kommunikatioun an Net-Kommunikatioun géife fonctionnéieren.
Obwuel hir Geschichte seele méi laang wéi zéng Säite sinn, geléngt et der Nora Wagener, d'Protagonisten esou ze beschreiwen, datt ee si esou bal net vergësst. Si kréien duerch hir ausgepräagte Perséinlechkeet eng grouss Präsenz. An do benotzt d'Nora Wagener keng säitelaang Beschreiwungen. Si hänkt hire Figure kleng kleng, originell Zeechen an Zich un, déi si wonnerbar illustréieren.
Originell Beschreiwungen
Hir Analysen iwwerraschen dacks opgrond vun hirer Naivitéit. Hir Beschreiwunge géifen awer vun de Persounen ofhänken, erzielt déi jonk Schrëftstellerin. "Et gi Figuren, déi immens kandlech sinn. Lächerlech a gläichzäiteg léif an hirer Kandlechkeet." Dat wier och e Charakterzuch vun hir selwer, mengt d'Nora Wagener.
Virun allem déi aussergewéinlech Beschreiwunge vun Handlunge faszinéieren: "Sie bläst Dellen ins Teewasser". De Professer, "dessen Würde ihm als Pelz aus den Ohren wuchs." An et erënnert ee sech och direkt un d'Protagonistin aus "Menschenliebe und Vogel, schrei", déi sech freet, wat mat engem Häerz geschitt, dat brécht an ob een da lauter Kiselsteng am Grapp hätt. "Ech hunn et gär fir metaphoresch Biller zeréck an d'Realitéit ze huelen", erzielt d'Nora Wagener.
Hir Iwwerleeungen sinn dacks philosophesch. Wéi: "Sie ist die tollste Frau auf Erden. Sie ist seine Wohnung und sein Bett." oder "einen wird es schon geben, mit dem man reden kann, denkt sie, doch alle Münder sind besetzt."
Saachen ausprobéieren
D'Nora Wagener huet zu Hildesheim kreatiivt Schreiwen a Kulturjournalsimus studéiert. E Roman, e Kannerbuch, dräi laang Erzielungen an elo 16 kuerz Geschichten: All Publikatioun vu hir huet eng aner Literaturform. D'kuerz Geschichten aus "LARVEN" wieren tëscht zwee anere Projeten entstanen, erzielt d'Nora Wagener. Dat hätt hir d'Méiglechkeet ginn, fir weider ze schreiwen a Saachen auszeprobéieren. Fir hiert Buch hätt si eng Auswiel getraff vun deem, wat dobäi erauskomm wier. "D'Form ass interessant, well een op klenger Plaz vill ausprobéiere kann. Ech hunn déi kuerz Form gären, och wann si am Literaturbetrib keng esou grouss Roll spillt, sech net esou gutt verkeeft an net gefrot ass.
Egal a wéi enger Form d'Nora Wagener och schreift, si weist ëmmer op e neits, datt si dat kann. "LARVEN" liest sech mat ganz vill Freed an och déi méi traureg Geschichte verzauberen a maache frou.
"Marianne soll endlich kommen und ihn küssen, mehr will er nicht. Vergessen, was man von ihm verlangt. Dass man ihn einfach nicht in Ruhe lassen kann mit diesem Kram, der nicht seiner ist. Was ist das denn, sein Kram? Baden? Den Kühlschrank auffüllen? Dinge, die sicherlich ihren Wert haben. Dennoch sind es nur Trostpflaster für die Pflichten, die rechts und links zu erfüllen sind. Und unter ihm, und über ihm, es gibt überhaupt keinen Platz mehr."