Luxfilmfest Jidderee brauch Matleed

Ass Matleed eng Krankheet vun der Gesellschaft? Déi Fro stellt de Griichesche Film "Pity". De Yannis Drakopoulos schwätzt ënnert anerem iwwert seng Roll als emotiounslose Süchtegen, iwwert d'Griichesch "weird wave" an doriwwer wat et heescht, frou ze sinn.

Maxi Pesch / ys

Yannis Drakopoulos
Yannis Drakopoulos

MP: Wann een u "Pity" also u Matleed denkt, da kann een u verschidden Zorte vu Matleed denken. Am Film hutt Dir e spezifeschen Typ analyséiert. Dee vun der Sucht no Matleed. Wisou?

YD: An eisem Film lieft de Protagonist vum Matleed, dat déi aner Persounen him ginn. Wa seng Fra aus dem Koma erwächt, hält dëst Matleed op, an hie realiséiert, datt hien net ouni dat Matgefill kann iwwerliewen. Hie sicht no Weeër, fir dëst Matleed nees erëmzekréien. Een Thema vum Film ass, datt et an der Natur vum Mënsch läit, fir no Matleed ze froen. Mir maachen dat alleguer, a mir realiséieren et net. A Griichenland erliewe mir dat Gefill den Ament ganz staark, wéinst der ekonomescher Kris. D'Leit froen no psychologescher Ënnerstëtzung, nodeems hinnen eppes Schlëmmes geschitt ass.

Kann ee sou wäit goen a soen: Mir brauche Matleed, fir frou ze sinn?

Dat ass eng Fro, déi de Film opwerft. Ass et eppes wat d'Mënsche froen, oder eppes wat si brauchen? Ass et normal, oder ass et eng Krankheet vun eiser Gesellschaft? Mä de Film beäntwert d'Froen net. De Film ass surrealistesch, net realistesch. Wat heescht et iwwerhaapt, frou ze sinn? Eise Protagonist ass frou, well d'Matleed vun deenen aneren him Courage gëtt z'existéieren. Hie fënnt e Schutz doranner.

Den Haaptprotagonist huet keng spezifesch Charakteristiken, hien ass emotiounslos. Wéi hutt Dir Iech op dës Roll preparéiert?

Hien ass e Mann wéi all Mann. Et muss een am Hannerkapp behalen, datt déi Persoun keng Problemer am Liewen hat. Villäicht sicht si grad dowéinst no engem Problem. Et gesäit een dacks, datt Leit, déi keng Problemer hunn, awer net onbedéngt frou ausgesinn. Ech hu mech dodrunner inspiréiert. Zesumme mam Realisateur Babis Makridis hu mir gekuckt, datt de Personnage reell wierkt. Mir hu lauter Saachen ausprobéiert an dat wat net klappt eliminéiert.

De Film passt an déi haiteg Zäit. D'Leit benotzen déi sozial Medien dacks, fir hir Problemer matzedeelen. Ass dat een Aspekt un dee geduecht gouf beim Schreiwe vum Film?

Dat ass eppes, wat de Realisateur ganz kloer beaflosst huet. Et ass Deel vum Film ...

Verschidde Filmkritiker schwätze vun der "Greek weird wave", wann et ëm d'Filmer vun der neier Generatioun aus dem Land geet. Dat huet ugefaange mam Yorgos Lanthimos sengem Film "Dogtooth" vun 2009. Et si Filmer mat enger spezieller Cinematographie an absurden Dialoger. Och "Pity" geet an déi Richtung, wuel wëssend datt de Co-Zeenarist den Efthimiοs Filippou (The Lobster) war. Gëtt et déi "Greek weird wave" an Ären Aen?

Jo, et kann ee soen, datt et den Ament an der griichescher Filmzeen esou e Mouvement gëtt. D'Realisateuren, d'Zeenaristen awer och d'Kameraleit gehéieren dozou. Si hu spezifesch Charakteristiken, déi si vu Realisateuren aus anere Länner ënnerscheeden. Zum Beispill d'Beliichtung, d'Absence vun der Psychologie bei de Charakteren, d'Studéiere vun der Natur vum Mënsch ... Déi griichesch Filmer vun eiser Generatioun hunn dat gemeinsam, et läit an hirer DNA.

"Pity" leeft an der Haaptkompetitioun vum Luxembourg City Film Festival

Méi zum Thema

Pity 02 (c) 2017 Margarita Nikitaki, All Rights Reserved.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

"Pity" vum Babis Makridis ass eng bizare griichesch Komedie iwwert de Besoin fir bematleet ze ginn. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen