Subkultur Iwwer d'Geschicht vum Hip Hop zu Bréissel

Am Palais des Beaux Arts zu Bréissel ass de ganze Summer iwwer eng Ausstellung iwwer Hip-Hop-Kultur an der belscher Haaptstad. Hei kann ee virun allem eppes iwwer d'Geschicht vum Hip-Hop an iwwert déi véier Haaptdisziplinne vun dëser Bewegung léieren: Breakdance, Rap, DJing a Graffiti.

Betty Gillesn (Bréissel) / ys

yo!

Den Hip-Hop versteet sech als Street culture. Dofir geet d'Ausstellung "Yo! Brussels Hip-Hop Generations" scho virun der Dier vum BOZAR un. Eng Graffitimauer an eng Skate-Ramp falen direkt op. Donieft gouf ee Container opgeriicht, wou dropsteet "The Biggest Public Outdoor Pool In Brussels". Et ass allerdéngs och déi eenzeg "oppe Schwämm" zu Bréissel.

D'Ausstellung ass chronologesch opgedeelt. Si weist, wéi de Bréisseler Hip Hop sech vun den 80er Jore bis haut entwéckelt huet.

Interaktive Flow

A verschiddenen Themebräicher géif ee probéieren, d'Zäit an déi verschidde Generatiounen ze verdäitlechen, erkläert de Benoit Quittelier, Kommissär vun der Expo. Hie mécht selwer och Breakdance. "D'Themeberäicher sinn de Flow, de Sampling, d'Konfrontatioun an d'Bewältegung."

De Flow wier dat wichtegst Element vum Hip Hop. Et wier d'Aart a Weis, wéi ee Kënschtler déi eenzel Elementer vu sengem Lidd, sengem Danz, senger Performance oder sengem Konschtwierk géif enchaînéieren.

Fir an dëse "Flow" ze kommen ass een Deel vun der Ausstellung interaktiv. Op engem Breakdance-Teppech kënnen d'Visiteure mat Hëllef vun engem Video selwer probéieren, wat si kënnen. "Mir wollte méi wéi eng Ausstellung maachen. Et ass eng richteg Experienz", seet d'Evelyne Hinque, Organisatrice vun der Ausstellung.

E Graffiti-Stage?

Zum Projet "Yo!" zielen och eng ganz Partie Evenementer ronderëm d'Hip-Hop-Kultur. Zum Beispill e Breakdance-Battle oder eng Debatt iwwert de Graffiti.

An Zesummenaarbecht mat Jugendhaiser ginn donieft Workshoppen organiséiert. Wéi een ee a verschiddene Sportsdisziplinne kéint Stagë maachen, géifen hei Stagen am Breakdance, Graffiti oder Rap proposéiert ginn, seet de Benoit Quittelier.

Reanimatioun vu Legenden

YO! soll awer net nëmme Jugendlecher unzéien. Et wëllt een och Gréissten aus dem Bréisseler Hip-Hop nees opliewe loossen. "Ech sinn nostalgesch. Ech sinn ee Meedchen aus den 80er. Ech wollt onbedéngt de Benny B oder RAB, well dat e Retour bei d'Quellen ass," seet d'Evelyne Hinque. Awer och d'90er Joren an déi nei Well vu Kënschtler wier wichteg.

Zu den Exponate gehéiere perséinlech Objete vun Artiste wéi dem Stromae oder dem James Deano. Awer och e puer gréisser Graffitien, déi extra fir d'Ausstellung gemoolt goufen.

D'Ausstellung "Yo! Brussels Hip Hop Generation" ass nach bis de 17. September am BOZAR zu Bréissel ze gesinn.

An der Mediathéik:

Kultur / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Eleonore Buening
Musek

D'Musekskritik verléiert am Verglach zur Publicitéit u Bedeitung. Mä ouni Kritik feelt eng onofhängeg Orientéierung, seet d'Directrice vum "Preis der Deutschen Schallplattenkritik" Eleonore Büning.

Metromara
Metromara

Um Urban Jazz-Projet Metromara sinn dräi Muséker aus Lëtzebuerg bedeelegt. D'Band ass de Moment op Tournée. Si erkläre wéi hir Musek entsteet a wat se mat engem Diesel-Moteur ze doen huet.

Steve Lazarides
Street Art

Hien huet sech als Agent vum Banksy e Numm gemaach. Mëttlerweil verdéngt hie mat Street Art Milliounen. De Steven Lazarides ass net just an der Zeen weltbekannt. Dat war awer alles just puren Zoufall.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen