CinEast 2016 Illegitimate: Familljendrama mat schwaarzem Humor

De rumänesch Kino ass an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn. 2009 hat den Adrian Sitaru säin Duerchbroch mat "Picknick-Pescuit sportiv". "Illegitimate" ass deem jonke rumänesche Realisateur säi véierte Film. D'Adaptatioun vun engem theatraleschen Text erzielt konkret de Problem vun zwou Persounen an enger delikater a moralesch net vertrietbarer Situatioun.

Maxi Pesch / jcm

Illegitimate
Illegitimate. Foto: Damned Films

"Illegitimate" spillt klassesch an dräi ofgetrennten Deeler. Scho beim Generique kritt de Spectateur en éischten Abléck an d'Charaktere vun de Personnagen. Am éischten Akt gëtt een direkt an d'Mëtt vun engem Familljeniessen am Joer 1960 katapultéiert. Um Dësch sëtzen de Papp, Dokter a Wittmann Victor Anghelescu a seng véier schonn erwuesse Kanner. Ma dauert net laang bis d'Situatioun eskaléiert.

Grond ass d'Positioun vum Papp iwwer d'Ofdreiwung. D'Kanner fannen eraus, datt hie während dem kommunistesche Regime ënnert dem Ceaușescu, déi Frae verroden huet, déi ofdreiwe wollten. Eng Positioun, déi de Victor net bereit, seng Kanner allerdéngs rose mécht. Aplaz vun engem Dessert endegt de Familljendinner schonn no e puer Minutten an enger Kläpperei. Just säin eelste Meedchen, dat och nach am kommunistesche Regime op d'Welt komm ass, hëlt sengem Papp seng Defense.

Inzestrelatioun: Keng Toleranz a Rumänien

Den zweeten Deel vum Film fokusséiert sech op déi zwee jéngste Kanner, d'Zwillingen, d'Sasha an de Romeo. Déi Zwee - wat bis dohinner awer nach kee weess - hunn eng passionéiert Inzestbezéiung, wat a Rumänien net toleréiert ass. D'Sasha wëll d'Bezéiung opginn, bréngt et allerdéngs net fäerdeg an erwaart och nach e Kand vun hirem Brudder.

Am drëtten Deel vum Film beichten si dem Papp d'Bezéiung. D'Kand, dat aus dem Inzest soll gebuer ginn, kann dem Papp seng Meenung zum Avortement changéieren. Doduerch datt d'Kamera quasi de ganze Film op der Schëller vum Kameramann ass, erzielen nervös Sequenzen d'Geschicht vun den eenzele Persounen op eng ongewéinlech realistesch Manéier. Bal wéi wann een e Guerilla-Documentaire géif kucken.

Zwielef Deeg Tournage ouni Zeenario

"Illegitimate" baséiert op enger Improvisatioun, déi während annerhallwem Joer developpéiert gouf. An op engem Tournage dee just zwielef Deeg gedauert huet an ouni Zeenario gedréint gouf. Trotzdeem wierkt dem rumänesche Cineast Adrian Sitaru säi Film strukturéiert a kontrolléiert. "Illegitimate" jugéiert keen an distanzéiert sech doduerch vu gewéinleche Fiktiounsfilmer. Eraus stécht d'rumänesch Actrice Alina Grigore, déi d'Sasha spilt: Eng talentéiert jonk Schauspillerin, déi genee de richtegen Equiliber tëschent eppes total Verbuedenem an enger natierlecher Sënnlechkeet fënnt.

Et ass ee gudde Film, dee fir d'Haaptcompétitioun vum CinEast-Festival nominéiert ass.

An der Mediathéik:

Kultur / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Death in Sarajevo
CinEast 2016

"Death in Sarajevo" ass eng politesch a sozial Allegorie vun der Situatioun am modernen Europa. De Film spillt am Hotel Europa zu Sarajevo, um Centenaire vum Doud vum Franz Ferdinand.

CineEast Dossier
Grousse Kino

An dësem Dossier fannt Dir eis wichtegst Reportagen iwwert de Filmfestival CinEast.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen