Luxfilmfest Hutt léiwer Matleed mat deem!

"Pity" vum Babis Makridis ass eng bizare Komedie iwwert de Besoin fir bematleet ze ginn. Mat engem Haaptpersonnage, dee schol bal méi eescht drakuckt wéi de Buster Keaton! Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Michel Delage

Filmkritik Pity 02 (c) 2017 Margarita Nikitaki, All Rights Reserved.jpg
Yannis Drakopoulos (Foto: 2017 Margarita Nikitaki, All Rights Reserved)

Et ass d'Geschicht vun engem Affekot, deem et am Fong gutt geet. An awer léisst hien sech gär bematleeden. Sou gesinn kënnt et dem Mann duerchaus entgéint, datt seng Fra am Koma läit. Wéi et der Fra op eemol besser geet, dann ass dat net méi sou gutt...

D'Komik a "Pity" entsteet ënnert anerem duerch d'Uneneereie vun absurde Situatiounen, déi eréischt duerch hir variéiert Widderhuelung Sënn erginn. Zum Beispill wann den Affekot sech a senger Wunneng steif bei d'Hausdier stellt. Op eemol geet d'Schell, de Mann mécht d'Dier op: et ass d'Nopesch, déi him e Kuch bréngt. Am Laf vum Film versteet een dann, datt dee Kaddo als Trouscht geduecht ass fir d'Fra, déi am Koma läit.

Déi extrem Satisfaktioun, déi hien dann all Kéiers vun dëse Geste vu Sympathie verspiert, gëtt ënnerstrach duerch klasseschen, heroesche Chouergesang.

Rigiditéit

Ee weidert Element vun der Komik ass de Personnage vum Affekot (verkierpert vum Yannis Drakopoulos), deen sech an allen Hisiichte duerch eng extrem Rigiditéit auszeechent: hien ass rigid a senge Beweegungen, a senger Mimik. Hie schwätzt net vill, laacht ni, wierkt ëmmer dout eecht, léisst sech keng Emotiounen umierken. Eng Zort Buster Keaton.

Déi Bibel-ähnlech Sentenzen op schwaarzem Hannergrond, déi reegelméisseg ageblent ginn, si jo eng Konventioun aus der Zäit vum Stommfilm. Op eng gewësse Manéier ass den Affekot och stomm. Wat en denkt, gëtt een eleng duerch säin Handele gewuer an eben iwwert déi ageblennte Gedanken.

D'Rigiditéit vum Personnage schaaft dann a verschiddenen Zeenen een Decalage, duerch deen d'Komik entsteet. Wéi hie beispillsweis am Büro sëtzt a sech mat den Ëmstänn vun engem Mordfall beschäftegt, dréint hien eng Heavy metal-Musek haart op a stellt seng Sekretärin un, ëmmer méi haart ze jäizen - hie selwer sëtzt einfach do, ouni eng Minn ze verzéien.

Bizare griichesch Well

De Film brauch relativ laang ier d'Situatioun, déi opgebaut ginn ass, ufänkt mat kippen. Nämlech wann dem Affekot seng Fra aus dem Koma erwächt. Dem Mann seng Gewunnechten, säi rigid Weltbild, säi krankhafte Besoin fir bematleet ze ginn, dat alles fänkt u mat bréckelen. D'Reaktioune vun deem soss ganz rouegen Typ schwenken ëmsou méi an dat Extreemt...

Mat "Pity" huet de Babis Makridis eng vun dëse bizare griichesche Komedie gedréint, déi an deene leschte Joren ee relative Succès haten. Dat beschte Beispill vun där Beweegung ass dem Yorgos Lanthimos säin "The Lobster", fir deen de Makridis d'Dréibuch geschriwwen hat. Den Zeenario vu "Pity" ass och deementspriechend zolidd opgebaut. Allerdéngs wierkt de Film plazeweis ze laang. An och d'Komik-Potential bleift däitlech hannert dem Meilesteen "Lobster" zeréck.

Méi zum Thema

Yannis Drakopoulos
Luxfilmfest

Ass Matleed eng Krankheet vun der Gesellschaft? Déi Fro stellt de griichesche Film "Pity". E liwwert awer keng Äntwert. De Yannis Drakopoulos schwätzt iwwert seng Roll an d'Griichesch "weird wave".

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen