Filmkritik Hauchdënne Plot a Personnagen, déi engem um Häerz leien

Fir de Start vun der Summersaison gi sech d'Superhelde-Filmer am Kino d'Klensch an d'Hand. De Marvel-Film "Guardians of the Galaxy, Vol. 2" vum James Gunn mëscht den Optakt. D'Familljen-Dynamik vun de Personnagë léisst de Spectateur net kal.

Tom Dockal / fk

Guardians Of The Galaxy Vol. 2
©Marvel Studios 2017

Nächst Joer ginn et zéng Joer, datt de Produzent Kevin Feige eng éischte Kéier de Robert Downey Junior als "Iron Man" op de groussen Ecran lassgelooss huet. Wat de Spectateur deemools nach net wousst war, datt sech de Produzent mat der Produktiounsboîte Marvel Studios an der Mammefirma Disney vill méi een ambitiéise Plang ausgeduecht huet.

Nämlech iwwer d'Joren, a mat de Filmer, e kohärenten Universum opbauen an deem Super Helden handelen a matenaner agéieren. Néng Joer méi spéit si mer an deem Universum, dem Marvel Cinematic Universe, an der drëtter Phas ukomm. "Guardians of the Galaxy, Vol. 2" ass de 15. Marvel-Film.

Obskur mä erfollegräich

Dat kléngt alles zimlech erschreckend, mä et ass hallef esou wëll. Eng "Star-Wars"-ähnlech Space Oper mat engem "Han Solo"-Typ, enger grénger ausserierdescher Fra, engem Wäschbier mat Roserei Ausbréch a sengem Kompatriot an der Form vun engem Bam, dee genee dräi Wierder soe kann. Majo, firwat net.

Mat der Arrivée vun de "Guardians" virun dräi Joer huet Marvel bewisen, datt si mat allem lande kënnen, a sief et op den éischte Bléck nach esou obskur. Den Iwwerraschungserfolleg vum Summer 2014 huet mat häerzege Personnagen, enger gesonder Portioun méi oder manner subtillem Humor an engem wierklech flotte Soundtrack souguer Leit, déi mat Science Fiction näischt um Hutt hunn, ronderëm de Fanger gewéckelt kritt. Wéinst der décker Keess war d'Suite awer inevitabel. De Studio huet dem James Gunn nees de Regiestull an d'Schreifmaschinn fir d'Dréibuch iwwerlooss. Mä et ass leider net einfach ze soen, wat de Plot vum Film ass.

Hauchdënne Plot

Am éischte Film hunn d'Helden an d'Antagonisten sech e "McGuffin" an der Form vun engem Infinity Stone, engem bloe liichtende Steenchen, hin an hier geschmass. Am zweete Volet ass de Plot ähnlech hauchdënn. De Peter Quill, gespillt vum Chris Pratt, gëtt um Enn vum éischte Film gewuer, datt hie just hallef Mënsch ass. No enger feindlecher Ausenanersetzung mat engem Client trëfft hie mat senge "Co-Guardians" op dee Papp aus dem Weltraum.

De Quill, och nach Star-Lord genannt, traut der Pappefigur, gespillt vum Kurt Russell, net wierklech. Hie léisst sech awer lues a lues vun him iwwerzeegen. Den Ego, wéi den endlech nei-gewonnenen Erzeuger heescht, huet nach en Ass am Aarm. Hien huet nämlech e ganze Planéit fir sech. E perséinlechen Nirvana quasi, dee bal ze gutt ass, fir datt e reell kéint sinn.

Verschidde Saachen einfach richteg gemaach

D'Tatsaach ass, datt en zweeten Deel an der Reegel net vum Iwwerraschungsbonus profitéiere kann. Natierlech gëtt et Ausnamen. Kee war op de véierte Volet vun der "Mad Max"-Franchise gefaasst, an deen huet ageschloe wéi eng Bomm. An natierlech kann een dem neiste Marvel-Film e Schema an en theoretesche Vide an der Dramaturgie virgeheien. Mä de Gunn huet verschidde Saachen awer einfach richteg gemaach.

Seng Personnagë leien engem esou um Häerz, datt ee bal alles duerchgoe léisst. Och zum Deel wierklech platt Macho-Witzer, déi dann nees hallef ironesch gebrach ginn. D'Relatiounen tëschent deene Personnagen si fir den James Gunn vill méi wichteg, wéi soss eppes. Mam Kurt Russell fënnt e Schauspiller de Wee an den Universum, deen tatsächlech eng Plus-Value bréngt, déi dem Film zegutt kënnt. A wann et och just zur Reflexioun iwwert d'Familljen-Dynamik bäidréit.

An dat ass um Schluss dat, wat nieft dem ganze CGI-Weltraum-Geballers-Kaméidi zréckbleift. A wie sech op genee dat aléisst, deen dierf och net iwwerrascht sinn, wann him zum Schluss eng kleng Tréin de Bak erofleeft. Well déi éischte Kéier an deene bal zéng Joer sinn d'Helden net selbstverständlech op der gewonnener Säit.

Dat mécht d'Zukunft vun deene Filmer duerchaus interessant. An et entschëllegt een, zum Deel mat Personnagen iwwerfëllten, Non-Skript. Zum Beispill, *opgepasst Spoiler*, dee komplett iwwerflëssege Stallone. Jo ... De Stallone ass elo Deel vum Marvel Cinematic Universe.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen