Theater "Guten Morgen, Ihr Völker" - Anarchie a Léift fir Europa

Dem Schrëftsteller Guy Helminger seng politesch Slapstick-Komedie weist verschidde Visioune vun der Europäescher Unioun. Wéi d'EU-Problematik ze léisen ass schéngt awer am Theater-Stéck, grad wéi an der Realitéit, ongewëss. "Guten Morgen, Ihr Völker" huet muer (01.06.2017) Première am Kasemattentheater.

Jamie Reinert / fk

"Guten Morgen Ihr Völker"
"Guten Morgen, Ihr Völker" am Kasemattentheater

Dem Guy Helminger säi Stéck "Guten Morgen, Ihr Völker" dréit ronderëm di lescht Ried vum René Thill, dem Nach-Präsident vun der Europäescher Komissioun. An e puer Stonne soll se virgelies ginn. Et ass awer nach net kloer, wéi eng Zort Ried gehale gëtt. De Brouillon, dee senger Sekretärin Ana Santos virläit, ass géigeniwwer Europa jiddefalls éischter negativ, esouguer anarchistesch ugehaucht. Dem President säi konformistesche Riede-Schreiwer, de Patrick Lemmer, an di dréchen EU-Kommissärin Wiltraud Rüttenberger sinn ausser sech. Si versichen d'Ried an engem positive Liicht frësch ze schreiwen.

"Keng Diskussiounskultur"

Dës dräi Figure personifizéiere verschidde Positioune géigeniwwer der EU-Problematik a versichen hir Visioun vun Europa duerchzesetzen, seet den Auteur Guy Helminger.

"Et ass fir mech eng Diskussioun. Et ass einfach wichteg, datt ee sech mat Froe vun der EU ausenanersetzt. Well ob ee wëllt oder net, et ass eis Zukunft. Dofir hunn ech verschidde Figuren op d'Bühn gesat, déi all eng ënnerschiddlech Meenung hunn."

Dacks géif et Gejäiz an Diffaméierung ginn. Awer eng richteg Diskussiounskultur géif hie vermëssen, seet de Guy Helminger.

D'Fabienne Hollwege, de Roland Bonjour an d'Desirée Nosbusch spillen di dräi frenetesch Figuren, déi bis zum Schluss net wësse, wéi eng Europa-Ried de nach-Präsident hale wäert. Mat Humor spigelen d'Duersteller der EU hir Enttäuschung, Hoffnung, Skrupellosegkeet an och Léift erëm. Mat engem hektesche Rythmus wollt de Regisseur de Slapstick am Stéck zum Virschäi bréngen. Filmer wéi dem Howard Hawks säin "His Girl Friday" vun 1940 hätten hien dobäi orientéiert, esou de Pol Cruchten.

Anarchie a Slapstick

"Guten Morgen, Ihr Völker" gëtt vum Pol Cruchten an Zeen gesat. Hie wier direkt vum Guy Helminger sengem Text iwwerzeegt gewiescht. "Well ech direkt eppes Anarchistesches dra gesinn hunn. An eppes Chaotesches, wat awer Sënn mécht vu vir bis hannen", esou de Pol Cruchten.

Hie géif den Auteur Guy Helminger a seng Aarbecht respektéieren. Et wier him awer och wichteg gewiescht, de Schauspiller eng gewëss Fräiheet ze loossen, seet de Pol Cruchten. Nëmme sou hätt den Text kéinten opbléien. Dat Gréisst um Theater wieren nämlech d'Texter, seet de Pol Cruchten. "Mir däerfen net vergiessen, mir hu Lëtzebuerger Auteuren, genee wéi mir Lëtzebuerger Cineasten hunn oder Lëtzebuerger Moler. Mier däerfen eis net schumme vis-à-vis vun eiser Identitéit."

Politesch Konscht

"Guten Morgen, Ihr Völker" ass e Stéck, dat an enger Traditioun vun der politescher Konscht läit. Fir de Guy Helminger hätt Theater an där Relatioun eng zentral Plaz. Theater wier fir Politik am Beschte gëeegent.

"Politik net an deem Sënn, datt een eng Parteipolitik vertrëtt. Mee datt een einfach Froe stellt. Oder datt ee Meenunge géigeniwwer stellt. An datt den Zuschauer sech dann entscheet."

Mat der politescher Komedie "Guten Morgen, Ihr Völker" soll d'Publikum sech weider Gedanken iwwert d'EU-Problematik maachen. Ob dës Problematik mat Anarchie, Léift oder dem Nämmlechten ze léisen ass, schéngt am Stéck, grad esou wéi an der Realitéit, ongewëss. "Ech sinn op alle Fall frou, datt ech mat engem ale Punker konnt zesumme schaffen", seet de Pol Cruchten. "Well ech si selwer een ale Punker. Ech war ëmmer iwwerzeegt dovunner, datt Punker sech erkennen. Voilà." An de Guy Helminger laacht vun Häerzen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

03_mirroirs troubles © Bohumil Kostohryz (1).jpg
Theater

"Miroirs toubles / Dunkle Spiegel" ass e musikalescht Theaterstéck vum Mani Muller a Carole Lorang am Kapuzinertheater. Et geet ëm Gesëschterrelatiounen, déi ëmmer do sinn. Egal ob ee sech versteet oder net.

Riicht Eraus
Theater

Leit den Theater nach ënner Mannerwäertegkeetskomplexer? A wéi wäit spigelt den Theater d'Heterogenitéit vun eiser Gesellschaft erëm? Doriwwer diskutéieren d'Carole Lorang an den Olivier Garofalo.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen