Filmkritik "God's Own Country"

2017 war aus dem Bléckwénkel vum queere Kino e Succès."Call Me By Your Name", "120 battements par minute", "Una mujer fantastica" - dat si just d'Filmer, déi zu Lëtzebuerg am Kino gelaf sinn. Vun amerikanescher Säit hu sech nach eng ganz Rëtsch Indiefilmer ugereit. Mee och d'Englänner hunn hire Bäitrag geleescht. An zwar mat "God's Own Country", deen zënter leschtem Mëttwoch am Utopia ze gesinn ass.

Tom Dockal / cbi

Gods Own Country
Foto: PictureHouse

Géint déi wonnerschéi kal, gro Kuliss vun engem net ausgeschwate Post-Brexit Yorkshire erzielt den éischte Film vum Francis Lee d'Geschicht vum jonke Mann Johnny, deen a villerlee Hisiicht an enger Sakgaass stécht. Säi Papp huet e schwéieren Häerzinfarkt hannert sech. Deementspriechend muss de jonke Mann sech ëm den Alldag vun engem Bauerenhaff këmmeren. An dat méi schlecht wéi Recht. Virun allem, wann d'Jugendkollegen de Weekend iwwer aus hiren Unisstied Heem kommen. D'Boma versicht iergendwéi de Stot oprecht z'erhalen, mee gegranzt gëtt doheem vun alle Säiten.

Den Johnny, deem säi Gesiicht op d'mannst esou vun Alkoholexzesser matgeholl ass wéi vun der gudder englescher kaler Mieresloft, weess sech awer ze beschäftegen. De jonke Mann, deem seng Homosexualitéit am Film net zur Debatt steet, weess sech z'organiséiere fir casual Nummeren ze zéien, mee fir emotional Verknäppungen ze maachen - dat ass eng ganz aner Geschicht a scheinbar eng Saach vun der bal Onméiglechkeet. Op déi rumänesch Aushëllef, op déi d'Famill muss zeréckgräifen, ass den Johnny op alle Fall net virbereet. An op seng brong Ae schonns guer net. Déi zwee mussen op alle Fall erop op de Bierg, fir Scheewercher op d'Welt ze bréngen. A bei engem Feier a Pasta aus dem Plastiksbecher kënnt ee sech bekanntlech méi no.

Ënnerschwelleg an onausgeschwat

"God's Own Country" deet ee mat senger Prämiss logescherweis u "Brokeback Mountain" denken. Zwee Männer op engem Bierg, mat Déieren ëm sech an enger verbuedener Léift. Just gëtt "God's Own Country" net vun enger flagranter Verbuedenheet vun dëser Léift tëschent zwee Männer gedriwwen. Deen dote Film ass eben net 2005 mee 2017 entstanen an ass dohier an enger Linn vu Filmer wéi "Call me By Your Name" oder "Princess Cyd" e fantastesche klengen Indiefilm, dee just ze recommandéieren ass.

D'Geschicht vun Homosexualitéit, déi a Groussbritannien relativ spéit entkriminaliséiert gouf, spillt an deem heite Film elo just ënnerschwelleg eng Roll. Ënnerschwelleg an onausgeschwat sinn déi zwee Wierder, déi dëse Film souwisou ausmaachen. Wann d'Famill vum Jong eppes u senger Sexualitéit auszesetzen huet, dann ass dat onausgeschwat. Wann den Johnny a seng Famill rassistesch Zich opweisen, da sinn déi bal ënnerschwelleg. Dem jonke Mann seng emotional Onkapassitéit Relatiounen opzebauen ass zwar glaskloer, mee och déi bleift onausgeschwat.

Méi wéi eng Romanz

Mee "God's Own Country" geet d'schwul "Romanz" net duer. An deene wonnerschéine Biller, déi de Francis Lee a säi Kameramann Joshua James Richards komposéieren, gëtt scho mat bal dokumentareschen Zich a mat enger Sobretéit de Liewenszyklus um Bauerenhaff gezeechent. A wéi d'Personnagen a verschiddenen, ganz explizitte Situatioune mat den Déieren ëmginn, erzielt och ganz niewebäi immens vill iwwer si selwer. Ouni, nach emol, groussaarteg vill dobäi ze schwätzen. Show, don't tell - de Francis Lee huet sech déi al Kinosregel zu Häerz geholl. Dëst Kammerspill, an dat ass "God's Own Country" och grad mat sengen impressionnant grousse Landschaftsbiller, mat engem intime Casting, beweist, wéi eng homosexuell Bezéiung kann anescht portraitéiert ginn. A "God's Own Country" beweist, datt net all Film mat enger schwuler Relatioun am Mëttelpunkt muss an enger Tragedie endegen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

Lean on Pete Filmkritik
Luxfilmfest

De Sozialdrama "Lean on Pete" vum Andrew Haigh zeechent ee Portrait vun einfache Leit, déi sech mat de Verhältnisser an Amerika mussen erëmklappen. Aus der Haaptkompetitioun vum Luxfilmfest.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen