Nei Sendung Gliddeg aus der Pan, déi Zweet!

"Dat muss gliddeg aus der Pan kommen", sou hunn an der Zäit déi populär lëtzebuergesch Schauspiller gesot, wa se den Text net sou ganz geléiert haten. Gliddeg aus der Pan, also ouni vill ze prouwen, an der Aktioun, am Moment, ongeplangt an onzenséiert.

Gliddeg aus der Pan - KUK a radio 100,7

Sou soll et och an dëser Sendung hiergoen: Zwee Leit aus Konscht a Kultur ginn als Gäscht agelueden, a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech sëtze wäert hunn. Si wëssen och net, wat de Programm vun der Sendung ass, a mir, éierlech gesot, och net. Si ginn eng Stonn laang an de Studio agespaart a musse sech de Programm live aus de Fangere suckelen, gliddeg aus der Pan, eben.

An der Regie sëtzt haut de Kënschtler Serge Tonnar, bekannt fir seng Diplomatie a politesch Korrektheet, an intervenéiert, fir datt näischt ubrennt. Gliddeg aus der Pan: Eng Zesummenaarbecht vum radio 100,7 an dem Kulturkanal.

An der Mediathéik:

Gliddeg aus der Pan / / Claude Faber
Lauschteren

Méi zum Thema

Gliddeg Pan 18.1.21
Nei Sendung

Zwee Leit aus Konscht & Kultur ginn als Gäscht agelueden a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech wäert sëtzen hunn. Invitéen an der éischter Episod waren d'Nicool an de Marco Lorenzini.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen