Op der Bün an hanner der Bün Geschlechterverhältnes am Lëtzebuerger Kultursecteur

Fraequoten an en adequat Verhältnes vun der Geschlechter si scho laang en Theema. Och de Kultursecteur ass nach ëmmer männerdominéiert. Op der Bün an och hannendru gëtt et dacks en Ongläichgewiicht.

Robin Marx

C'est Karma
C'Est Karma. Foto: Cedric Oberlin

En ausgeglachent Verhältnis vun de Geschlechter läit der Ainoha Achutegui besonnesch um Häerz. D'Directrice vum Kulturzenter Neimënster strieft en Undeel vu 34 bis 40 Prozent Fraen op der Bün un.

Och hannert der Bün gëtt op e Gläichgewiicht am Team Wäert geluecht: Et sinn 23 Fraen an 22 Männer ugestallt.

Och aner Lëtzebuerger Kulturinstitutiounen engagéiere sech fir en ausgeglachent Verhältnis tëschent Mann a Fra. D'Ekipp vun der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht besteet aus 16 Fraen a 15 Männer, seet de Mateusz Buracyk.

Op der Bün gesäit et awer bëssen anescht aus. Besonnesch bei der Musek wier et schwéier fir en ausgeglachene Booking ze maachen. Dee Beräich wier staark männerdominéiert, trotzdeem géif een drop oppassen. Beim Festival "KUFA's Urban Art" hätt een zum Beispill Paritéit tëschent Kënschtlerinnen a Kënschtler.

Damme bëssen am Fokus

De Kulturzenter opderschmelz zu Diddeleng huet en Team vun aacht Männer an aacht Fraen, seet den Direkter John Rech. Et géif ee sech méi ginn, fir eng qualitativ a facettëräich Programmatioun ze proposéieren.

An am Mäerz géif ee ganz speziell staark Frae valoriséieren: "Ursprénglech huet dat "Mois de la femme" geheescht, lo heescht et "We love Girls". Dat ass eng Programmatioun, déi d'Damme bësse méi a de Fokus setzt."

D'Ainoha Achutegui ass Directrice vum Neimënster (Foto: Archiv)

Et wier opfälleg, datt een allgemeng hanner der Bün manner Fraen an héije Positioune géif fannen, seet de Mateusz Buraczyk aus der Kulturfabrik.

Offer wäit ewech vu 50/50

E Gläichgewiicht vun de Geschlechter ass awer net fir all d'Institutiounen einfach z'erreechen. Virun allem kleng Haiser, déi de Kultur Club "De Gudde Wëllen" hätte Problemer fir eng gerecht Verdeelung vun de Geschlechter op der Bün ze garantéieren, seet de Luka Heindrichs. Dacks géifen d'Capacitéite feelen.

"Wa mir eng Offer kréie vun enger Agence, an et ass eng Fraeband dobäi, dann tendéiere mir éischter zu der Fraeband."

Allerdéngs wier d'Offer wäit ewech vu 50/50. Als Promoter - dee muss Tickete verkafen - géif een ausserdeem och ëmmer no bestëmmte Charakteristike sichen, déi ee kéint ervirhiewen.

Ee Problem deele sech alleguer d'Institutiounen: Et wier net ëmmer ganz einfach fir weiblech Kënschtlerinne fir de Programm ze fannen. Verschidde Musekstiler wieren einfach männerdominéiert. Frae missten am Géigesaz vill méi an der Zeen leeschten, fir gesinn ze ginn an Unerkennung ze kréien.

Frae musse méi leeschten

Déi jonk lëtzebuergesch Musekerin C'est Karma kennt déi Gefiller. Als Fra wier si ville Virurteeler ausgesat. An der Museksindustrie géif si dacks grousse Männerfronte vis-à-vis stoen. D'Karma fënnt, datt Fraen enger ganz anerer Form vun Erwaardungsdrock ausgesat sinn.

"Dat ass eppes, wat een als Fra warscheinlech ëmmer erlieft, a ganz ville verschiddene Fäll, net nëmmen an der Musek: Dat Gefill datt ee sich beweise muss, datt een net nëmme beweisen muss datt ee Musek maache kann, mee datt een och Musek als Fra maache kann. An datt een dann ëmmer sou eng Schëpp drop muss leeën."

D'Karma fënnt awer, datt an de leschte Joren op der Bün vill geschitt wier. Et géif op d'mannst méi driwwer geschwat ginn. Awer et wier nach laang net ausgeglach. Och hanner der Bün géif si nach net vill dovu mierken. An hirer jonker Karriär wier si bis elo just enger Technikerin begéint an och just männleche Produzenten. An hirem eegenen Team hätt si dofir elo bewosst eng Technikerin engagéiert.

Si ass ganz kloer fir en Gender-balanced Lineup, fir de Fraen an der Gender-Problematik méi Opmierksamkeet ze ginn.

Et gëtt däitlech, datt och an der Kultur keng Chancëgläichheet tëschent de Geschlechter existéiert. De Lëtzebuerger Kultursecteur gëtt sech Méi, awer am Bezuch op eng Gläichberechtegung tëschent Mann a Fra muss an der Zeen nach sou munches geschéien.

C'est Karma appelléiert un d'Fraen, haart ze sinn a sech duerchzesetzen. Nëmme sou kéint et zu engem Ëmdenke kommen.

An der Mediathéik:

Musek Aktuell / /
Lauschteren

Méi zum Thema

C'est Karma - Spaghetti On Repeat
Made in Luxembourg

D'Lidd ass eng Ode u Pasta a Kapitalismuskritik an engem. D'Nuddel als Symbol fir d'Resignatioun vun enger Fra déi hiert Liewe laang geschafft huet, ouni op der sozialer Lieder no uewen ze kommen.

Hannah Ida
East of Eden feat. Florian Van Kooy

An hirer neier Single "East of Eden" verbënnt d'Hannah Ida ee Sample Beat mat einfache Gittars-, Pianos- a Synthesizerlinnen zu engem lëftege Ganzen. De Song handelt iwwer Relatiounen an hirer ganzer Diversitéit.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen