Prix Batty Weber "Wanns de net lies, brauchs de net ze schreiwen"

De Georges Hausemer huet ëmmer e literareschen Usproch u seng Reesliteratur gestallt. Well dëst am allgemenge Bewosstsinn net selbstverständlech wier, ass den Auteur besonnesch houfreg op säi Batty Weber-Präis.

Nathalie Bender / mak

Georges Hausemer
Foto: Susanne Jaspers

Fir säin Asaz fir de Lëtzebuerger Literaturbetrib heiheem an am Ausland huet d'Jury ënnert der Présidence vum Claude D. Conter de Georges Hausemer ausgezeechent. De Batty Weber-Präis gëtt just all dräi Joer fir d'Gesamtwierk vun engem Schrëftsteller verginn.

"Dacks huet d'Reesliteratur kee literareschen Usproch. Dat ass Journalismus", seet den Auteur. "Mir selwer war dat ëmmer ganz wichteg." Aus deem Grond wier seng Reesliteraratur och e groussen Deel vu sengem Gesamtwierk - an hätt en Undeel dorun, datt de Batty Weber-Präis un hie geet.

Virwëtz als Inspiratioun

De Georges Hausemer huet déi ganz Palett vun der Reesliteratur ausgenotzt. "Wann ech eng Rees maachen, da gëtt et verschidde Méiglechkeeten, wéi ech am Schreiwen op déi Rees ka reagéieren. Ech kann dokumentaresch dozou eppes soen, ech kann eng Fiktioun doraus maachen, ech kann Notize schreiwen oder e längeren Text. Ech kann eng Erzielung schreiwen, déi vläicht just an engem ganz klengen Aspekt mat der Rees eppes ze dinn huet, mä wou d'Rees awer zum Text gehéiert."

Als seng Stäerkt bezeechent den Auteur d'Verschaffe vu visuellen Andréck. "Virwëtzeg sinn, Saachen zur Kenntnis huelen a weiderentwéckelen. Dat ka sech spane bis a ganz surrealistesch Zeenen." E Beispill ass d'Wierk "Der Suppenfisch" vum Georges Hausemer. "Do freet sech da jiddereen: Wat ass dat? Ech hunn eng Liichtegkeet, esou Biller z'entwéckelen."

Engagement am Ausland

De Batty Weber-Präis krut de Georges Hausemer och fir säin Asaz fir d'Literatur zu Lëtzebuerg an am Ausland. Schonn a senger Studienzäit huet den Auteur Texter un auslännesch Literaturzeitunge geschéckt an éischt Kontakter geknäppt. "An den 1980er Joren hunn ech dunn am Ausland proposéiert och lëtzebuergesch Editiounen opzesetzen. Ech hat ëmmer de Besoin fir eis Literatur iwwert d'Grenzen erauszebréngen. Ech wollt déi aner Auteure matrappen." Mat der Zäit sinn ëmmer méi lëtzebuergesch Auteuren zesumme mam Georges Hausemer an d'Ausland invitéiert ginn. "Dat huet mer gutt gefall."

D'Präisiwwerreechung ass den 23. Oktober 2017 am Centre national de littérature zu Miersch.

D'Nathalie Bender am Gespréich mam Georges Hausemer

Méi zum Thema

IMG_6779.JPG Meenung
Kulturchronik

D'Leipziger Buchmesse stoung dëst Joer am Zeeche vun Europa, vum kulturellen Austausch a vun der Meenungsfräiheet. Lëtzebuerg ass doduerch opgefall, net dobäi ze sinn. E Kommentar vum Valerija Berdi.

Valerija Berdi
Gepéngegt Literatur

Krankheet ass an der Literatur kee Friemwuert. Weder bei groussen Nimm wéi Gustave Flaubert oder Susan Sontag, nach an der Lëtzebuerger Literaturzeen vun haut. Eng Rees duerch gepéngegt Literatur.

LIT LAB 5
Literatur zu Lëtzebuerg

"Et ass net méiglech vu senger Literatur hei zu Lëtzebuerg ze liewen", sot de President vum Fonds Culturel, de Jo Kox, viru kuerzem am LiteraturLabo. Wéi kann een den Auteuren entgéintkommen?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen