arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geliese Komedie am Trifolion

Andrea Sawatzki

|
reading time

3 min

Geliese Komedie am Trifolion

D'Andrea Sawatzki ass fir eng Liesung zu Lëtzebuerg. Si liest aus hirer "Die Bundschuh"-Trilogie. All Versuch vun der Famill Bundschuh ee Familljefest ouni Zwëschefall ze verbréngen, geet schif.

reading time

3 min

Mënschen nozekucken ass eng vun de Liiblingsbeschäftegunge vun der däitscher Actrice a Schrëftstellerin Andrea Sawatzki. Kee Wonner, datt si mat de Personnagen aus der "Die Bundschuhs"-Trilogie. dem Lieser iergendwéi de Spigel virun d'Nues hält. Et fënnt ee beim Liese sécher ee Personnage, eng Situatioun oder een Dialog, deen ee selwer scho mol erlieft huet. Dobäi kann de Lieser och nach gutt laachen. D'Andrea Sawatzki ass ee Samschdeg, den 21. Januar 2017 am Trifolion a liest aus hiren dréi Wierker ronderëm d'Famill Bundschuh.

"Die Bundschuhs"-Trilogie

An der Trilogie geet et dorëms, datt déi eelef Familljemembere sech all Kéier virhuelen ee Familljefest schéin a mat Freed zesummen ze verbréngen. Mee dat geet all Kéier schif. D'Mamm Gundula steet dobäi am Mëttelpunkt. D'Gundula Bundschuh wier net nëmme Mamm a Fra, seet d'Andrea Sawatzki. Mee si misst och d'Streidereien, déi ëmmer erëm opkomme, schlichten. Et ass och vill aus hirer Siicht erzielt.

Am éischte Buch geet et ëm d'Chrëschtdagsfeier bei de Bundschuhs zu Berlin. Am zweeten Deel fiert déi ganz Famill zesummen an d'Vakanz. Am drëtte Buch huet deen eelste Bouf, den 19-jährege Rolfi, eng Noriicht fir seng Famill: Seng Frëndin ass schwanger an hie well si sou séier wéi méiglech bestueden. Dobäi kënnt nach, datt déi zukünfteg Schwéiesch an hir Famill anescht ausgesäit wéi den duerchschnëttleche "Bundschuh", an och nëmmen Englesch schwätzt a versteet. Et huet d'Andrea Sawatzki gereizt, déi vollkommen oppen an tolerante "Bundschuh"-Famill op d'Glatäis vum verstoppte Rassismus ze féieren.

D'Inspiratioun fir d'Famill Bundschuh huet d'Schrëftstellerin awer net an hirer eegener Famill fonnt. Nëmmen déi zwee Hënn si vun den zwee Hënn vum Andrea Sawatzki an hirem Mann Christian Berkel ofgekuckt. Vläicht huet d'Gundula Bundschuh och ee Schotz vum Andrea Sawatzki. Déi zwou Frae sinn am selwechten Alter, Ufank 50, géifen ëmmer probéieren alles an Uerdnung ze halen a perfekt ze fonctionnéieren an déi ganz Famill wëlle glécklech maachen, sou d'Andrea Sawatzki. Dat géif natierlech net ëmmer klappen.

Schwaarz Komedie a Psychothriller

Der Schrëftstellerin hiert éischt Buch ass just de Contraire vun dëser witzeg-skurriller Familljenerzielung mat héijem Identifikatiounsfaktor. Dat ass de Psychothriller ënnert dem Titel "Ein allzu braves Mädchen".

Fir d'Andrea Sawatzki huet hir "Die Bundschuhs"-Trilogie awer och ee Lien mat engem Psychothriller. Si ass der Meenung, datt déi zwee Genren een ähnlechen Ursprong hunn. Et géif ëmmer ëm Personnagen goen, déi probéieren aus engem Dilemma eraus ze kommen. Souwuel bei der schwaarzer Komedie wéi och beim Psychothriller géif et ee ganz eeschte Grond fir d'Behuele vun deene betraffene Persounen ginn. Dowéinst géif de Lieser si mat groussem Interêt suivéieren.

Der Andrea Sawatzki hir Liesung am Trifolion gëtt mat Pianosmusek vum Carole Tordy begleet. Am éischten Deel schwätzt d'Schrëftstellerin iwwer Chrëschtdagsfeier an d'Vakanz. No der Paus begleet d'Andrea Sawatzki d'Famill dann op d'Hochzäit.