Fräie Mikro: Kultur, huet dat ee Wäert?

A sengem Fräie Mikro stellt sech de Lucien Kayser d’Fro no der Plaz, déi der Konscht an der Kultur am Ganzen an der Gesellschaft gemaach gëtt.

 

“En Tableau ass en Tableau”, sot de Minister, a schonns war e verschwonnen hannert der eiserner Dier an de Betonsmauere vum Freeport; et huet een nach just héieren, datt d’Artisten domm géinge kucken, wann et keng Spekulatioun op der Konscht géing ginn.

“Kunst werde immer mal verkauft”; wéi am Echo kléngt et iergendwéi aus Nordrhein-Westfalen, wou se jo 2 Biller vum Andy Warhol versteeë gelooss hunn, fir e Spillcasino ze sanéieren: “Ein Kunstwerk hat einen Wert, wenn es veräußerbar ist.”

D’Zäite sinn eriwwer vun der gudder aler Inaliénabilitéit vun der Konscht, vum Patrimoine. Hire Wäert, haut, weist sech op de Steeën. Net weider verwonnerlech an enger Welt, global, total dominéiert vun Économie a Finanzen. Et ass, wéi wann d’Konscht, d’Kultur am Ganzen, kee Sënn, keng Bedeitung hätten, iwwert hire Wäert an Euroen oder Dollaren eraus. An dat iwwer ganz Europa; keng Freed u Poesie, och nët vum Patrick Modiano, Prix Nobel de Littérature. En Europa wou eemol de Robert Schuman soll gesot hunn, wann et nach eng Kéier ze maache wier, géing hie mat der Kultur ufänken.

Wéi drop reagéieren: a Spuenien huet de Jordi Savall de Premio Nacional de Musica, ëmmerhin dotéiert mat 30.000€, refuséiert, aus Protest géint déi kulturfeindlech Politik vun der Regierung. Bei der Kompositioun vu senger Kommissioun huet eisen Ex-Premier mat vill Geschéck déi grouss Natiounen an den Abseits gesat: zu gudder Lescht blouf d’Kultur. Wee krut se? E Représentant vun Ungarn, der Regierung Orban, déi bei wäitem kulturfeindlechst.

An et héiert een, déi kulturell Engagéiert kéinte jo zréckgräifen op Mäzenen, op Sponsoren, wann de Staat de Krunn zoudréint. De Paradox vun eiser Zäit: grad déi sollen dann d’Kultur retten, déi mir selwer viru Kuerzem vun der Faillite hu rette missen.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen