Fräie Mikro: Ee Bild vum Picasso entlarvt de paysage culturel luxembourgeois au crépuscule!

D’Danielle Igniti analyséiert d’Polemik ronderëm d’Bild vum Picasso, wat hätt solle verkaf ginn. D’Geschicht aus gutt ausgaangen, mee si gëtt Ausbléck op de Stellewäert vun der Konscht zu Lëtzebuerg an d’Aussiichte sinn net formidabel!

 

D’Story ronderëm den Tableau vum Picasso “Paysage de Cannes au crépuscule” enthält vill Informatioun iwwert d’Konschtverständnis an de Stellewäert vun der Konscht hei am Land.

Fir d’éischt stellen mer fest, dat mer eng Aarbecht vum Picasso besetzen, wat vill vun eis net wossten, well mer méi iwwert d’Muséen meckeren, wéi se ze besichen.

Da gi mer gewuer, datt et sech net em en Akaf handelt mat der kloerer Absicht fir de lëtzebuerger Patrimoine ze beräichere mat engem Bild vum wuel wichtegste Moler aus dem 20. Jorhonnert. Nee, d’Aarbecht war bei enger Ausstellung beschiedegt ginn, an de Staat huet se kaaft fir de Propriétaire net brauchen onmoosseg ze entschiedegen. Mir hunn e Picasso duerch Zoufall!

Wat soen ech: mir? Nee. De Picasso gehéiert anscheinend dem Finanzministère. Mee e Wierk wat kaf gëtt mat Steiersuen gehéiert dem Staat, also de Bierger! Dem Finanzministère gehéiert just e Griffel fir d’Depense vum Kulturministère ze optimiséieren. Elo wou hier grouss Sensibilitéit fir d’Konscht bekannt ass, kann et engem Angscht ginn! Kultur, Konscht mussen eppes eraspillen, kompetitiv sinn a rentabel. De Finanzministère wëllt de Picasso verkafen, wahrscheinlech am Kader vum Zukunftspak. Ee Konschtwierk gëtt zu Hab und Gut degradéiert a verhökert fir boert Geld. Villäicht fir eng Geschäftsrees ze bezuelen, fir am Ausland Reklamm ze maache fir de Freeport - de Kofferfort aus Bëtong, wou een neierdéngs Luxuswueren kann steierfräi stocken.

Konscht maachen, Konscht ausstellen, Konscht kafen! Wouhier dann! Konscht stocken ass eis Zukunft! Eréischt am Freeport gëtt Konscht zur Konscht, soen déi Leit, déi de Picasso wëlle verkafen.

An da komme mer zum zweeten Deel vun der Geschicht. D’Konschtkenner, déi vu gëschter an déi vun haut, kommentéieren de Verkaf vum Picasso. E Skandal, do si se sech all eens. De Picasso läit zwar am Keller, mee gehéiert zum lëtzebuerger Tafelsëlwer an kann net verkaf ginn. Eis Reputatioun am internationale Konschtbetrib steet um Spill!
nerer, déi keng Geleeënheet verpasse fir hier populistesch Oder ze exerzéieren, profitéiere séier fir de Mudam ze kritiséieren. Dee solle mer verkafen mat sengem ganzen Inhalt. Majo sécher, vu dat e voll ass vun “entartete Kunst” a Friemaarbechter!

Mee schlussendlech gëtt de Picasso net verkaf well d’Aktien net gutt stinn an de Gewënn net optimal wär.

Arment Lëtzebuerg wou Konscht gläich Geld ass, Boni, Profit, Spekuléierwuer a wou se just appréciéiert gëtt wa se vu gëschter ass. Vun dësem Virfall hätt ee kënne profitéieren fir ze definéiere wat Patrimoine heescht, fir emol iwwert eis Konschtverständnis no ze denken an ze diskutéieren, wat Kultur a Konscht eis wäert ass.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen