Grousse Kino Fragil Fraen
Mat fragille Frae beschäftege mer eis dës Woch am Grousse Kino: "Promising young woman", "Becoming Mona" an de Film noir-Klassiker "Gilda".
Och wa mir am Kino gäre staark Frae gesinn, beschäftege mer eis dës Woch mat weiblechen Haaptpersonnagen, déi vun enger fundamentaler Schwächt aus agéieren. Mir beschwätze "Promising young woman" a "Becoming Mona", zwee Filmer, déi nei am Kino ugelaf sinn, an dann de Film noir-Kassiker "Gilda" aus dem Joer 1946.