Wat passt besser bei d'Excursioun duerch eng al, nei opgepeppte "Garage", wéi dem Kënschtler Théid Johanns seng déif raschteg Stëmm? Si guidéiert a verféiert een an engem däischteren Hannerzëmmer an e schwaarz-blénkeg wackelege Käfeg. "Konscht ass och eng Sensibiliséierung vu Gefiller," esou de Kënschtler. Den Théid Johanns ass ee vun de véier Cuevamemberen, déi d'Ausstellung "Uecht" an enger aler Autosgarage organiséieren. Fir hien ass dem Vince seng Käfegkonscht eng Zort Coup de coeur.
Vu Käfegkonscht zu Käferkonscht
De Kënschtler Francis Besch huet sech mat der Geschicht vun der aler Garage beschäftegt, déi fréier och Volkswagen-Autoe verkaf huet. Hien huet sech fir seng Konschtwierker um ale VW-Käfer inspiréiert. De Fotograf Emile Hengen huet dokumentéiert, wéi déi verloosse Garage virun der Ausstellung ausgesinn huet. "Hei hunn ëmmer Leit dra gewunnt, Clocharden an Junkien. Den Emile huet Fotoe vun deenen hire Saachen gemaach," seet den Théid Johanns. "Wéi déi gemierkt hunn, datt mir géinge kommen, hunn déi sech duerch d'Bascht gemaach. Dat huet mer e bësse Leed gedoen, well et war am Dezember."
Fir d'Ausstellung "Uecht" sollten d'Kënschtler sech e Raum eraussichen, sech vun deem distanzéieren an eppes Neies kreéieren. "Et si schonn zum Deel politesch Messagen dobäi."
"Fissi gëff uecht!" huet e Gaffiti-Kënschtler un d'Mauer gesprayt. Wann een alles wëll an uecht huelen, muss een dat och. 93 Kënschtler op dräi Stäck presentéieren hir Konschtwierker. Et lount sech och an d'Ecker virwëtzen ze goen. Hei verstoppt sech zum Beispill de Videomapper Melting Pol. Hie léisst Insekten an aner Mythen aus de Lächer krauchen.
![]()
A senger eegener Installatioun mécht den Théid Johanns drop opmierksam, datt een am Liewe muss Verantwortung fir säin eegent Gléck huelen. "Ënnen dee schwaarzen Deel, wou verbrannte Kuelen drop sinn ass eis Energie an alles wat mer am Liewe verbrauchen." An déi schwaarz Mass huet de Kënschtler Goldstécker geluecht, déi ee sech muss erauspicken an op déi ee sech selwer kann opbauen. "Da kann een do erauswuessen an dann iergendwéi zu engem Punkt kommen, wou een zefridden ass. Du kanns vu Schwaarz op Wäiss wuessen."
De Sergio Sardelli, dee sech mam Théid Johanns an Esch en Atelier deelt, weist eng Aart Stalaktiten a Stalagmiten. Also net Cueva-Höhlemolerei, mä Höhleskulptur. Fir esou eng Ausstellung z'organiséieren, muss een e Choix u Kënschtler treffen. "Et ass ëmmer flott, fir erëm nei Kënschtler mat dobäi ze hunn, datt mer e Roulement kréien."
Aus Idealismus zur Konscht
Cueva huet näischt mam Mythe de la Caverne ze dinn, de Quartett wëll sech keen Air ginn a sech nach manner an e Courant aschreiwen. Si géifen dat aus Idealismus zur Konscht fräiwëlleg an onbezuelt maachen. Et géif dorëms goen, Raim ze schafen a se de Leit ze presentéieren, déi soss dozou vläicht net d'Geleeënheet kriten. "D'Ausstellung ass e bësse méi Underground oder Trash. Dat gëtt de Leit vläicht d'Gefill aus dem Elitären erauszekommen. Et geschitt eppes vun ënnen no uewen an net vun uewen erof," seet den Théid Johanns.
D'Stad Esch huet gehollef an der aler Autosgarage de Stroum ze leeën an huet fir d'Kënschtler Containeren opgeriicht. "Mir hätten nämlech net gewosst, wouhinner mat deem ganze Müll. De Promoteur vum Gebai war awer am Ufank e bësse skeptesch." Mä wéi déi 93 Kënschtler fäerdeg waren, wier hien iwwerrascht gewiescht, wat an der aler Garage alles realiséiert gouf. "Hien huet elo näischt drop ze gewannen. Mat den Artisten ass et esou, datt si alles aus hirer eegener Täsch bezuelen, si kënne wa se wëlle bei der Focuna e Subside ufroen. Hei kënne se hir Konschtstécker och verkafen a sech vermaarten. Mir kënnen hinnen awer keng Sue ginn, well mer keng hunn."
Dat béisst Wuert "Marketing" ass gefall a kloer, ouni e bësse Maartgejäiz géif haut keng Grott zu Visiteure kommen.