Netflix Firwat mussen déi Kanner flüchten?

De spuenesche Flüchtlingsdrama ''Adú" verflecht dräi Erzielsträng mateneen, an der Hoffnung, der Komplexitéit vum Problem gerecht ze ginn. Bei de politesche Responsabilitéite bleift de Film diffus.

Michel Delage

Filmkritik Adú
D'Alika (Zayiddiya Dissou) a säi klenge Brudder Adú (Moustapha Oumarou) lafen ëm hiert Liewen (Foto: Netflix)

De sechs Joer jonken Adú a seng just e puer Joer méi al Schwëster gi vu Braconniere verfollegt a mussen aus hirem kameruneschen Duerf flüchten. Béid Kanner waren Zeien, wéi dës Männer an engem Naturschutzgebitt en Elefant erschoss an dem Déier säin Elfebeen ewech geseet hunn. Hiert Zil ass elo Spuenien, wou hire Papp ausgewandert ass.

De spuenesche Film ''Adú'' setzt sech mam tragesche Schicksal vun afrikanesche Kanner auserneen, déi sech op de geféierleche Wee fir an Europa gemaach hunn. Um Enn vum Film gëtt preziséiert, datt all zweete Flüchtling op der Welt mannerjäreg ass.

Dräi Geschichten an enger

D'Flucht vum klengen Adú (Moustapha Oumarou) a vu senger Schwëster Alika (Zayiddiya Dissou) aus dem Kamerun ass ee vun dräi Erzielsträng. Donieft gëtt d'Geschicht vun engem räiche Spuenier (Luis Tosar) erzielt, deen an Afrika fir eng Elefanteschutz-ONG schafft an enges Daags seng jonk Duechter op Besuch huet, zu där hien eng éischter méi gespaante Relatioun huet. Eng drëtt Handlung setzt sech mat engem déidlechen Incident tëschent spuenesche Grenzpolizisten a Migranten an der spuenescher Marokko-Enklav Melilla auserneen.

Dës dräi Geschichten hunn zwar e Lien mateneen, sinn awer relativ autonom. Mat där Struktur wollt de Realisateur Salvador Calvo wéi et ausgesäit d'Flüchtlingsproblematik an all hirer Komplexitéit weisen.

Gefore vun der Flucht

De Spectateur kritt fir d'alleréischt ganz konkret d'Geforen nozevollzéien, deene besonnesch Kanner kënnen op hirem laange Fluchtwee ausgesat sinn. Geforen, déi vun de physesche Bedéngunge vun enger illegaler Flucht ausginn, oder awer vun erwuessene Mënschen, fir déi si liicht Affer duerstellen.

Mol ass et Chance, mol Zoufall, mol Solidaritéit vun anere Flüchtlingen, déi et dem Adú erlaben, sech vun engem afrikanesche Land an dat nächst virun ze schaffen, an der Hoffnung, zu Melilla endlech EU-Buedem ze erreechen.

Festung EU an Déiereschutz an Afrika

Do kéim de Jong dann eventuell a Kontakt mat spuenesche Grenzpolizisten, déi - wéi en zweeten Handlungsstrang am Film weist - dacks mat kriddelege Situatioune konfrontéiert sinn, wann et drëms geet, Gesetzer ze exekutéieren. Andeems si versichen, hir Missioun esou gutt et geet ze erfëllen, kënne si - ob si et wëllen oder net - zu all Moment mam Respekt vun de Mënscherechter a Konflikt geroden.

Déi drëtt Geschicht vum Film hänkt thematesch méi labber mat deenen zwou aneren zesummen. Datt wäiss Europäer sech um afrikanesche Kontinent éischter mam u sech luewenswäerte Schutz vun Elefante befaassen a mënschlecht Leed ignoréieren, an hir Kanner ouni Schwieregkeeten do an an aus ginn a sech bekiffen, kann ee vläicht als en ironesche Kommentar respektiv Kritik interpretéieren.

Formal Inkoherenz

Allgemeng wierkt de Film éischter inkoherent, spréngt ze systematesch vun der éischter Geschicht op déi zweet an dann déi drëtt, ouni datt bei deem Montage e Parallelismus ze erkenne wier, deen zousätzlech Sënn géif produzéieren.

Doriwwer eraus ginn déi dräi Geschichten net all d'selwecht an d'Déift, wat op déi zäitlech Limitt vun den zwou Stonne Film dierft zeréckzeféiere sinn. De Realisateur, deen eigentlech op Miniserië spezialiséiert ass, hätt sécherlech méi mat dësem méi laange Format erreecht.

An d'Tragik vun der Flüchtlingsgeschicht muss net nach duerch eng iwweraus pathetesch Musek ënnerstrach ginn. Wien och nëmmen e Minimum u mënschlechem Matgefill huet, verspiert déi gesichten Emotiounen och schonn esou.

Diffus Kausalitéitsketten

''Adú'' ass kee politesch militante Film, dee kloer mam Fanger op Responsabeler géif weisen. Villméi gëtt eng diffus Kausalitéitsketten opgebaut. Déi onmëttelbar Fluchtursaach fir déi zwee Kanner sinn afrikanesch Braconnieren. Indirekt kéint een dat schappegt Ëmfeld, an deem d'Kanner opwuessen a fir dat kee richteg verantwortlech ze si schéngt, als Grond nennen.

Europäer sinn an deem Sënn responsabel, datt si ewech kucken. Wien elo d'Gesetzer decidéiert huet, mat deenen déi sougenannte Festung Europa opgebaut gouf, dofir interesséiert sech de Film net.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

The Old Guard Filmkritik
Netflix

"The Old Guard" ass e begréissenswäerte Schratt op d'Säit géigeniwwer dem gewéinleche Superhelde-Kascht. Manner technologesch Surenchère, dofir gutt Acteuren, vun deenen hei och net ze vill verlaangt gëtt.

Pinocchio Filmkritik
Nei am Kino

Ënner dem einfachen Titel "Pinocchio" realiséiert de Matteo Garrone eng weider Adaptatioun vum Carlo Collodi sengem Klassiker aus der Kannerliteratur, mam Roberto Benigni an der Roll vum Gepetto.

Wasp Network
Netflix

Den Olivier Assayas huet mat ''Wasp Network'' déi reell Geschicht vu kubaneschen Agente verfilmt, déi wärend den 1990er Joren a Florida antikommunistesch Exil-Kubaner ausspionéiert haten.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen