Documentaire Diego Maradona

Een neien Documentaire mam soberen Titel "Diego Maradona" beschäftegt sech mat der argentinescher Fussball-Legend. De britesche Realisateur Asif Kapadia beliicht souwuel d'Héichte wéi och d'Déifte vun enger Sportlercarrière, déi, zesummegeholl, de Mythos Maradona iwwerhaapt emol begrënnen.

Michel Delage / cz

Filmkritik Maradona 3

Grondsätzlech Neies gëtt een am Asif Kapadia sengem Maradona-Porträt net gewuer. D'Etappe vun enger Fussballcarrière, an där Genie a Gaunerei sou no beienee louchen, si bekannt: een aussergewéinlecht Talent, dat a ganz aarme Verhältnisser opgewuess ass, spillt iergendwa fir den argentineschen Traditiounsveräin Boca Juniors, gëtt dann an Europa bei den FC Barcelona transferéiert, wou et allerdéngs net gutt leeft. Däitlech biergop geet et da bei Neapel, ee Mëtt den 80er Joren nach mëttelméissege Veräin, mat deem den Diego Maradona dann zweemol déi italienesch Meeschterschaft an eng UEFA-Coupe gewënnt, an tëschenduerch fënnt hien och nach d'Zäit, fir mat Argentinie Weltmeeschter ze ginn.

E klasseschen Documentaire, mat méiglechst ville Point de vuen

Wéi hien dat scho mat senge viregten Documentairen iwwer de Formel 1-Genie Ayrton Senna respektiv d'Sängerin Amy Winehouse gemaach hat, hëlt sech de britesche Regisseur Asif Kapadia mat sengem Maradona-Portrait virun allem emol Zäit. Während zwou Stonne wiessele sech d'Sequenzen of, mat ëffentlechem an och mat bis elo onbekanntem private Filmmaterial, ënnermoolt mat Commentairen aus dem Off vu Journalisten, vun der Fra, vu Frënn, vum perséinleche physeschen Trainer, a vum Maradona selwer, dee mat Recul an Éierlechkeet op säi Liewen zeréckkuckt. Ee klasseschen Documentaire also, deen op méiglechst vill Point de vuë setzt, am Géigesaz zum ganz subjektiven, fir net ze soe politesch-militante Maradona-Portrait, deen de serbesche Realisateur Emir Kusturica virun 11 Joer gemaach hat.

Vum Diego zum Maradona

Dem Asif Kapadia säi Parti pris besteet doranner, datt hien Neapel an de Mëttelpunkt vun allem setzt. Net fir näischt féiert déi éischt Sequenz de Maradona mam Auto an de San Paolo-Stadion, en Hexekessel, oder e Vulkan, an deem d'Passioune brutschelen, op deen de Fussballspiller eropgedroe gi wier, fir duerno an de gliddege Lava gestierzt ze ginn. Neapel, déi süditalienesch Stad, an déi de Fussballspiller als de gudde Borscht Diego ukoum, do wéinst senge sportlechen Exploite vun der fussballverréckter Populatioun gefeiert, jo reegelrecht vergëttert gouf; Neapel, wou den Diego séier un déi falsch Frënn vun der Camorra gerode war, ofhängeg gouf vun Drogen a Fraen, a sech zum manner sympathesche Personnage "Maradona", zu engem Däiwel entwéckelt huet. Alles wat virun Neapel war, ass fir de Realisateur Prolog, alles wat no Neapel koum, Epilog.

E grousse Merite vun deem Documentaire ass et, datt en d'Bild vun engem aussergewéinleche Personnage an all senge Facetten zeechent, souwuel déi positiv, wéi och déi negativ, ee Portrait, dee beim Publik een aneren Androck dierft hannerloosse wéi dat lamentabelt Bild, dat de Maradona zanter Jore vu sech selwer gëtt. Hien huet Besseres verdéngt.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

crawl Filmkritik
Crawl vum Alexandre Aja

Wie Loscht op eng duerch an duerch naass Südstaatestëmmung mat prehistoresche Kreaturen huet, deen ass am Film Crawl vum Alexandre Aja gutt opgehuewen. Den Tom Dockal war sech déi hongereg Véi ukucken.

hustle-1.jpg
Filmkritik

Déi amerikanesch Gaunerkomedie "The Hustle" vum Regieufänger Chris Addison, mam Duo Anne Hathaway a Rebel Wilson, ass e schlechten also iwwerflëssege Remake vun "Dirty Rotten Scoundrels".

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Noriichten

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen