Democracia em Vertigem Iwwer d'Demokratieverständnis vum brasilianesche Staat

De Rietsruck am weltwäite Politbild ass onëmstridden. Mee ofgesinn vun de ganz illustere Personnagen - wéi deem am Wäissen Haus oder deem an Italien oder potenziell deem op 10 Downing Street - esou kapsuléiert d'politesch Bild vum brasilianesche Staat net just dëse soi-disante Rietsruck, mee niewebäi och Aushiewele vum Demokratieverständnis. Dat ass de Sujet vum Documentaire "The Edge of Democracy" - "Democracia em Vertigem" op Portugisesch - vun der jonker Realisatrice Petra Costa. Den Tom Dockal huet de Film gesinn.

Tom Dockal / cz

Filmkritik 17/04/2016- Brasília- DF, Brasil- Manifestantes contra o impeachment ocuparam a Esplanada dos Ministério. Foto: Ricardo Stuckert/ Insituto Lula
The Edge of Democracy (Foto: Netflix)

Eng Presidentin vun hirem Posten enthuewen, ee President am Prisong. Dat ass de Bilan vun enger 30 Joer jonker brasilianescher Demokratie. Wéi et esouwäit konnt kommen, deem versicht d'Dokumentaristin Petra Costa op hir Manéier op de Fong ze goen.

"The Edge of Democracy" ass also d'Geschicht vum mouvementéierte brasilianesche Politbild - vu Militärdiktatur an den éischte Versich, déi mat representative Demokratieversich auszetauschen - et ass virun allem d'Geschicht vun der Aarbechterpartei, dem Lula a brasilianescher Sozialdemokratie, et ass d'Geschicht vun der éischter Presidentin Dilma Rouseff an et ass d'Geschicht vun der Realisatrice Petra Costa, déi intelligenterweis refuséiert, d'Illusioun vun der objektiver Dokumentaristin oprechtzëerhalen.

"D'brasilianesch Demokratie an ech duechten, wa mir allebéid an eisen 30er wieren, da wiere mir an dréchene Dicher a géifen op festem Buedem stoen" esou eng vun den éischte Usoen vun der Costa. D'Duechter vu Revolutionären an d'Enkelin vun Entrepreneuren, déi zu Diktaturzäiten enorm Muecht a Sue geschäffelt hunn, gesäit sech net just an engem Land, dat zerrass ass vu Korruptioun an Korruptiounsvirwërf, mee ass genee esou Zerrass an hirer - absolut privilegiéierter - Positioun an enger a genee esou an zwee zerrappter Famill.

Eng Geschicht vun der brasilianescher Politik a vun den USA

Mat hirer eegener Stëmm als Voix-Off begleet d'Realisatrice duerch d'politesch Geschicht vun der brasilianescher Politik - ass do natierlech mat engem ABC equipéiert, deen engersäits Leit ze informéiere weess, déi hir Blécker nach ni a Richtung Brasilie geworf hunn, mee virun allem gëllt de Bléck a Richtung US-Amerika. Mee wie weess, wéini esou en Documentaire en einfache Portrait oder e Blueprint fir e beängschtegenden Trend an der Welt oder carrement e Wecker fir eng Natioun sinn. Et ass sécherlech keen Zoufall, datt Netflix dës dokumentaresch-subjektiv Aarbecht no senger Première zu Sundance opkaf huet. Wien och ëmmer d'Decisiounkraaft huet fir "The Edge of Democracy" ze kafen, huet an der Costa hirem Film gesinn, datt et nieft Brasilien am Fong ëm d'USA geet. Vläicht geet et Amerikaner eventuell ëmmer just ëm si, och wann et manifestement net ëm si geet, mee vläicht ass et d'Notioun vum Eloge a Schwanegesank op d'Demokratie, déi nieft aller Roserei an aktivisteschem Geste dem Film inherent bäiläit, déi de Bols vun den amerikaneschen Netflix-Distributeure gefillt huet.

"The Edge of Democracy" ass op alle Fall e spannenden Documentaire, dee sech net ze schued ass, ee mat Personnagen an Detailer ze bombardéiere fir d'Mechanismen an d'Aushiewele vun der awer schlussendlech labiller Demokratie-Notioun ze weisen. Well, wéi mat allem, ass d'Demokratie-Versteesdemech schlussendlech eng Affär vu Glawen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

Todd Douglas Miller - Apollo 11
Filmkritik

To infinity and beyond. Ok, dajee alt. Da just bis op de Mound. Apollo 11 vum Todd Douglas Miller ass kee verstëpst Zäitdokument, mee e visuellt Erliefnis, dat och nach immens duerchduecht ass.

Brightburn Filmkritik
Brightburn vum David Yarovesky

Den Damien aus dem Omen trëfft op de Clark Kent alias Superman. Oninspiréiert Opschaffe vu Coden aus Horrorfilmer, schlecht Dialogen, ze vill Jump Scares, schlechte Suspens-Opbau, fënnt den Tom Dockal.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen