arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee wäissen Hai, mee gréng Krokoen

Crawl vum Alexandre Aja

|
reading time

4 min

Kee wäissen Hai, mee gréng Krokoen

Iwwer 40 Joer ass et hier, datt de Steven Spielberg e massiven Haifësch op eng Plage lassgelooss huet. An iwwer 40 Joer ass zanterhier de creature feature net aus dem Kino ewegzedenken. A scho guer net am Summerlach. Eng Kinosalternativ zu sangende CGI-Léiwe wieren do elo zum Beispill computeraniméiert Alligatoren. An zwar am Film "Crawl". Den Tom Dockal war sech déi hongereg Véi ukucken.

reading time

4 min

Engersäits sinn d'Nodeeler vu Genrefilmer an hire Coden, datt een an der Reegel genee weess, wat een am Kinossall zerwéiert kritt, anerersäits sinn d'Virdeeler vu genee deenen nämmlechte Genrefilmer an hire Coden, datt een ebe genee weess, wat een zerwéiert kritt. A wann een an enger Dagesstëmmung ass, déi d'Virdeeler gesäit, dann ass "Crawl" genee dat Richtegt. Well esou au pied de la lettre, wéi deen heite klengen - keng 90 Minutte laangen - dreckege B-Movie, war scho laang näischt méi ze gesinn. An deen heite kennt seng formatéiert Blockbuster. Bei "Crawl" gëtt vill gekroch, esouvill hält d'Versprieche vum Filmtitel. An zwar net just mënschlech Protagonisten, mee och Krokodillen.

Setting: E Keller a Florida

Naja, am Fong sinn et jo Alligatoren, spillt de Film jo a Florida. Do huet sech en Hurrikan ugekënnegt, an d'Awunner zéien alleguerten aus hiren Haiser, fir enzwousch soss sécher ënner Dag ze kommen. Just déi jonk Fra Haley. Si kënnt net un hire Papp a fiert am Schloreen bei dat alt Familljenhaus. Net just ass et iwwerall naass, mee den Hausseegen hänkt schif. D'Elterekoppel huet sech scheede gelooss an d'Meedchen huet dat net all ze gutt verquësst. Si fënnt hien op alle Fall mat Hëllef vum Mupp blesséiert am Keller erëm. Hie gouf vun engem Alligator ugegraff, an et stellt sech eraus, dat dat Véi nach net weidergezunn ass. Papp an Duechter sinn am Keller agespaart. An iergendwa gesellt sech nach en zweet Urzäitdéier dobäi. An den Hurrikan hëlt net of, an de Keller fëllt sech lues a lues mat Waasser. A mir wëssen all datt Krokodillen, zwar lues um Buedem, dofir awer ëmsou méi séier am Waasser sinn. Vläicht kéint et vu Virdeel sinn, datt d'Meedche Kompetitiounsschwëmmerin ass, an de Papp fréieren Trainer vun hir war.

Heiansdo brauch et net méi, wéi e puer Killervéi an en ausgepräägten Iwwerliewenssënn. Vläicht brauch et net méi, well déi ganz Woch iwwer ze vill d'Sonn op de Kapp gedréckt huet. "Crawl" weess mat deem wat ass, ze iwwerzeegen. "Crawl" ass wierklech kee gudde Film - d'Psychologië vum Papp/Duechter Tandem, deem säin Iwwerliewenskampf als Famillentherapie ze verstoen ass, ass wierklech alles anescht wéi nei a spannend, an d'Blessuren, déi déi zwee ënnerwee dovundroen, schruppe wierklech wäit laanscht eng Notioun vu Glafwierdegkeet - an awer ass de Film net méi domm wéi dat.

Keng immens gutt Realisatioun

Déi gréng Véi mat de schaarfen Zänn an de Liichtae sinn net genetesch amplifiéiert wéi soss a Filmer, an den Tandem u Personnagen hëlt net dem Genre vu Filmer entspriechend debil Decisioune fir eventuell vun A op B ze kommen.

Vum Fransous Alexandre Aja realiséiert, geheit sech de Film mat Pleséier op den Terrain vun engem wäitaus ënnerduerchschnëttlech budgetiséierte Film. Dëst Survival-Kammerspill spillt ganz bewosst domadder, wéi Mënschen am Fong riets a lénks eraus mussen, während deem d'Gefor erbäermlech vun ënnen no uewe geet. De Realisateur ass net esou den Hummer, hien hätt d'Geographie vum Keller nach méi konsequent duerchinzeenéiere kënnen, mee et ass scho mol dat.

Subtext ass e Friemwuert

Déi englesch Actrice Kaya Scodelario kanaliséiert eng Badass Heldin, déi net just eemol oder zweemol, mee zimlech permanent d'Pappefigur, mee och sech selwer rette muss. A wann dat heescht vun engem Krokodil an den Aarm gebass ze ginn, an dobäi Hand a Pistoul am Monsterhals stiechen ze hunn, fir datt et fir d'Figur duergeet, ënner Péng drop lasszeschéissen, bis datt d'Véi den Aarm nees lassléisst. Dir verstitt: si weess sech ze hëllefen!

"Crawl" ass genee dat, wat op der Verpackung dropsteet! Subtext ass e Friemwuert a Gottseidank ass dat esou. Wien also aus ass op duerch an duerch naass Südstaatestëmmung mat prehistoresche Kreaturen a mat engem groussen Appetit, deen ass bei deem Film gutt opgehuewen.