Brightburn vum David Yarovesky Eng déidlech Mëschung, am schlechte Sënn

An do wiere mir nees a schwätzen iwwer e Superheldefilm. Nee, keng Suerg. Den neie Spider-Man hutt Dir nach net verpasst. Dee leeft eréischt Iwwermuer Mëttwoch un. De Superheldefilm vun der leschter Kinoswoch heescht "Brightburn". Superheldefilm - e malleabelen Term, mengt den Tom Dockal, deen de Film gekuckt huet.

Tom Dockal / cz

Filmkritik Brightburn

De Film huet u sech eng Fro, déi stellvertriedend fir de Pitch steet. Wat wier, wann de Superman keng gutt Gesënnung hätt? De Superman hei elo ze ernimmen, kënnt net vun ongeféier. D'Koppel, déi een am Ufank vum Film kenneléiert, huet eng Farm am Kansas. An esou, wéi verschidde Pläng vun der Farm kadréiert sinn, gëtt net just op den DC Superman Film vum Zac Snyder ugespillt, mee et gëtt grondsätzlech mat der Superman Mythologie gespillt.

Just, am Géigesaz zum Clark Kent ass de Bouf am "Brightburn" alles anescht wéi erwuessen. Nodeems d'Elterekoppel manifestement laang an ouni Succès versicht, e Kand ze kréien, fält eent vum Himmel erof. Schnëtt. Sprong vun 12 Joer. De jonke Brandon ass top an der Schoul, ass eng Grimmel uureg a speziell, mee mécht grad dofir eng Touche bei der Klassekomerodin. Doheem ass alles immens, d'Eltere sinn nach ëmmer esou frou, wéi wann et gëschter gewiescht wier, datt sech hire Kannerwonsch erfëllt huet. Mee da geschitt eppes.

Perfekt Ufanks-Prämisse, mee leider e schlechte Film

Enges Owes kommunizéiert d'Raumschëff, dat vun den Eltere virum Kand verstoppt gouf, mam Jong an iwwerdréit him Kräften. Esouwäit esou bekannt. Zimlech séier stellt sech awer eraus, dat aus dem Bouf net den Held, mee den Antagonist gëtt. De Brandon huet vun där Nuecht un eng Virléift fir eng bizar Wëllemask, flitt séier vun A op B, verstoppt sech a Kummere fir Meedercher nozekucken an iergendwann aart et aus an hien hannerléisst Läichen. Vill Läichen. Datt eppes net stëmmt, esouvill verstinn d'Elteren. Mee d'Mammeléift zum Kand schéngt onbegrenzt. An dat ass e schlecht Omen.

Zwee Filmer haten dës Filmwoch esou eppes wéi e bal perfekt Pitch. "Yesterday" huet sech d'Fro gestallt, wat wier, wann et d'Beatles net ginn hätt, an datt sech just ee Mënsch drun erënnert an dann eben de Pitch vum "Brightburn". Wat wier, wann de Clark Kent alias Superman net de Jesus-Erléiser, mee den Damian wier.

An esou quasi perfekt d'Ufanks-Prämisse sinn, esou schlecht si schlussendlech béid Filmer.

"Brightburn" huet u sech eng Handvoll Froen, déi mam Pitch matkommen. Ass de Bouf wierklech béis oder ass et awer net d'Pubertéit, déi opkënnt, wéi och déi éischt Rebellioun géintiwwer den Elteren? Wéi wäit kann d'Léift vun enger Mamm géintiwwer hirem Kand goen. Grad wann dat Superheldekand seng Kräften an eng aner Richtung kanaliséiert, wéi ee sech dat virstellt?

De Film kritt eng Datz

De Film spillt ganz bewosst mat der Attente vum Public, déi iwwer déi leschte Joren nawell gutt iwwersättegt ass mat där heiten Zort Filmer. Et bleift awer just beim Pitch, well alles wat da kënnt, ass just oninspiréiert Opschaffe vu Coden aus Horrorfilmer, déi een esou nach vill méi dacks gesinn huet wéi Superheldefilmer. Jump Scares vu vir bis hannen, schlechte Suspens-Opbau, schlecht Dialogen, déi emol net um zweeten Degré behandelt ginn a systematesche Foutismus, wat basesch Psychologië vun de Personnagen ugeet. Firwat ass d'Kand béis? Firwat verstoppen d'Elteren d'Raumschëff? Wéi situéiere sech d'Personnagen bannen an ausserhalb vum Superheldemythos? De Pitch ass reell déi eenzeg Investitioun vun den Dréibuchauteuren - e Brudder an e Cousin vum James Gunn, Realisateur vun de "Guardians of the Galaxy" Filmer, deen dëse Film produzéiert huet. An d'Mise en scène ass och faul de la Muerte. Dat Eenzegt, wat ee kéint ervirhiewen, sinn e puer ganz lëschteg Gore-Elementer. Mee dat geet beim beschte Wëllen op enger Längt vu knapp 90 Minutten net duer.

Alternative Filmtipp an deem Kontext: dem James Gunn seng Superhelde-Verballhornung vu viru bal zéng Joer - Super mat ë. a. dem Dwight aus "The Office" an dem Ellen Page an den Haaptrollen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

Ayka
Ayka vum Sergei Dvortsevoy

Alt nees e Competitiounsfilm vu Cannes, dee mat engem Joer Retard de Wee op de Lëtzebuerger Kinosecran fënnt. Ayka gouf d'lescht Joer mam Interpretatiounspräis priméiert. Den Tom Dockal war e kucken.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen