Ënner engem falsche Virwand gëtt de renomméierte Konschtkritiker James Figueiras (Claes Bang) vun engem räichen englesche Sammler (Mick Jagger) engagéiert. Treffpunkt ass dem Millionär seng Luxusvilla um Lago di Como, wou de Figueiras mat senger neier Frëndin invitéiert ass.
En anere Gaascht ass den ale Moler Jerome Debney (Donald Sutherland), deem seng Tableaue viru Joerzéngte bei engem Brand zerstéiert goufen, an deen zanterdeem och näischt méi produzéiert huet. En neit Wierk vun him wier eng absolut Raritéit an e Verméige Wäert. Et versteet sech vum selwen, datt de räiche Mäzen méi ewéi interesséiert wier. An hien huet och déi néideg Drockmëttelen, fir de Konschtkritiker fir seng Zwecker auszenotzen.
Reflexioun iwwer Konscht
''The Burnt Orange Heresy'' war den Ofschlossfilm vun der Mostra vu Venedeg 2019, e Thriller vum Giuseppe Capotondi iwwer Begierlechkeet a Manipulatioun am Konschtmilieu. Gläichzäiteg entwéckelt en eng breetgefächert Reflexioun iwwer d'Wiese vun der Konscht, iwwer d'Dualitéit vu Kënschtler a Konschtwierk, iwwer Authentizitéit a Fälschung, an iwwer d'Muecht vum Kritiker als Kompensatioun fir geplatzten artistesch Ambitiounen.
De Film ass d'Adaptatioun vun engem Roman vum Charles Willeford vun 1971, mam selwechten Titel "The Burnt Orange Heresy". De Willeford war bekannt fir seng Florida-Krimien, dorënner ''Miami Blues'', deen och scho verfilmt gouf.
Interessante Casting
D'Handlung ass elo hei an Nord-Italien transposéiert ginn, an aus dem Personnage vum franséische Kënschtler Jacques Debierue gëtt den Amerikaner Jerome Debney, gespillt vum Donald Sutherland. En Acteur, dee seng beschten Zäit zwar scho laang hannert sech huet, mee mat sengen haut 85 Joer nach reegelméisseg Rollen ugebuede kritt : säin Optrëtt hei ass net ganz laang, mee seng staark Presenz geet duer fir glafwierdeg eriwwer ze kommen.
Och de Rescht vum Casting ass interessant. Den Dän Claes Bang, deen een nach als de Muséesdirekter aus ''The Square'' kennt, verkierpert de louche Konschtkritiker ; seng Frëndin ass déi grouss an elegant Australierin Elizabeth Debicki, déi kuerz drop an ''Tenet'' déi distinguéiert Fra vun engem russesche Mafiaboss sollt spillen; a virun allem hu mer de Mick Jagger als ambiguë steeräiche Sammler : de legendäre Sänger vun de Rolling Stones huet sech a punkto Habitus net vill mussen ëmstellen.
Trotz allem sinn déi wéineg Replicken, déi en ze schwätze kritt, der Wäert. Säi markant lausbouwegt Grinse vum verspillte Millionär iwwerdeckt eng absolut machiavellistesch Perséinlechkeet, déi nëmme brauch ugedeit ze ginn.
Evident Schwächten, an awer...
90 Minutte si vläicht e bësse wéineg fir e Film, deen sech vill virhëlt. D'Personnagë vum Donald Sutherland a vum Mick Jagger hätte roueg kéinte méi ausgebaut ginn. De ganze reflexive Volet gëtt nëmmen usazweis behandelt. An d'Opléisung am leschte Véierel wierkt dach zimmlech iwwert de Knéi gebrach.
Soe mer mol, datt "The Burnt Orange Heresy" eng Kuriositéit ass, mat där ee seng Zäit net onbedéngt verluer huet. Um Enn kann ee sech zum Beispill ausmolen, wat dach fir een ongenotzt Potential an deem atmosphäresch elegante Thriller stécht.