Luxembourg City Filmfestival "Et gëtt ee Budgetsproblem"

De Luxembourg City Filmfestival kann ouni méi ëffentlech Ënnerstëtzung net wuessen, seet den Nico Simon vum Selektionscomité. D'Equipe wier un hire Limitten ukomm, sou de Coordinateur Alexis Juncosa.

Maxi Pesch / ys

Simon Juncosa.JPG
Nico Simon an Alexis Juncosa

De Luxembourg City Filmfestival wier op engem Punkt ukomm, wou en ouni zousätzlech Mëttelen net ka wuessen, seet de Programmcoordinateur Alexis Juncosa. D'Equipe wier awer un hire physesche Limitten ukomm. Wann ee wéilt weider evoluéieren, bräicht ee méi finanziell Mëttelen. Kuerzfristeg missten déi privat an ëffentlech Ënnerstëtzer sech d'Fro stellen, wéi de Festival sech soll weider entwéckelen. "Mir si leider Affer vun eisem Succès."

"Et gëtt ee Budgetsproblem", seet den Nico Simon vum Selektionscomité. "Dëst Joer si mir um Developpement vum Festival blockéiert gewiescht, well d'Moyenen net do waren." Et wier net gesond, datt wesentlech Punkte vu private Sponsore géifen ofhänken.

Ënnerstëtzung vu Gemeng a Ministère

D'Stad Lëtzebuerg an de Kulturministère missten definéieren, wéi ee Festival si gären hätten, a wat e sollt kaschten. "An déi Sue musse vum Staat a vun der Gemeng zur Verfügung gestallt ginn, sou wéi dat bei all groussem Festival de Fall ass." De Ministère an d'Gemeng hätten all Kéiers 300.000 Euro zur Verfügung gestallt. Dat wier net genuch fir d'Dynamik, déi de Festival entwéckelt hätt, weider ze féieren.

De Partenariat mat Kinepolis misst net geduecht ginn, seet den Alexis Juncosa. Dat wier normal bei enger "Passation de pouvoir". Et misste Léisunge fonnt ginn, fir déi vill Visiteure vum Festival kënnen ze geréieren. Dëst Joer funktionéiert d'Vente vun den Tickete fir d'éischte Kéier iwwer den Internet. Et misst ee kucken, wéi een Impakt datt dat op d'Spektateuren hätt, sou de Coordinateur.

Déi siwent Editioun vum Luxembourg City Filmfestival leeft vum 2. bis den 12. Mäerz.

Informatiounen: https://www.luxfilmfest.lu/

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

T2 Trainspotting
Kino

Dës Woch fänkt de Lëtzebuerger Filmfestival un. Am reguläre Kinosprogramm ass et dofir bësse méi roueg. Trotzdem ass mam neien Trainspotting ee potentielle Publikumsmagnéit dobäi. Den Iwwerbléck.

sébastien louis, radek lipka-4862.JPG Riicht Eraus
Europa

Viruerteeler vermëttelen a Westeuropa ee falscht Bild iwwer osteuropäesch Gesellschaften, soen de Fotograf Patrick Galbats grad ewéi de Radek Lipka an de Sébastien Louis vum Filmfestival CinEast.

Martin Zandvliet.JPG
Filmfestival 2016

Interview mam dänesche Realisateur Martin Zandvliet, dee mam Nokrichsdrama "Land of Mine" de Grousse Präiss um LuxFilmFest gewonnen huet.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen