Villa Vauban Lëtzebuerger Konscht, nach net gewisen oder rezent kaf

De Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg stellt eng Selektioun vu Wierker aus, déi viru kuerzem eréischt a seng Sammlung opgeholl gi sinn, a Kombinatioun mat Aarbechten, déi bis elo nach net gewise goufen. D'Expo "Espaces d'Artistes" spaant de Bou vum 19. Joerhonnert bis haut. De Schwéierpunkt läit op Lëtzebuerger Konscht.

Cléo Thoma, md

lambert.JPG
Camille-Nicolas Lambert (1876-1945)

Viru kuerzem huet d'Villa Vauban eng ganz Rei Objeten aus der Privatsammlung vum 2014 verstuerwenen Tony Lammar kaf. Aner Wierker, déi rezent an d'Kollectioun vum Musée integréiert goufen, stamen aus enger Ierfschaft. Dës Aarbechte ginn elo a Kombinatioun mat enger Rei Inediten, déi d'Villa Vauban schonn hat, an der Ausstellung "Espaces d'Artistes" presentéiert.

Bei fréieren Ausstellunge mat Aarbechte vu Lëtzebuerger Kënschtler - wéi Sosthène Weis oder Frantz Seimetz - war een nodréiglech iwwert den Intressi vum Public iwwerrascht. Datt de Schwéierpunkt dës Kéier op Lëtzebuerger Konscht aus dem 20. Joerhonnert läit wier net déi éischt Iwwerleeung gewiescht, sou d'Conservatrice Gabriele Grawe. "Ech hunn et eng gutt Iddi fonnt, d'Acquisitiounen aus de leschte Joren ze weisen an de Public ze sensibiliséieren. Ech kënnen dat och aus anere Muséeën".

Klengen a pertinenten Hommage un de Roger Bertemes

"Espaces d'Artistes" besteet aus dräi groussen Deeler. Fir d'éischt Déiereskulpturen an Zeechnunge vum Auguste Trémont, déi iwwerleeden zu impressionistesche Landschafte vum Guido Oppenheimer an Dominique Lang, zesumme mat enger Rei anere Wierker vum Enn vum 19. bis Uganks 20. Joerhonnert. Dann zwou Generatioune vu Lëtzebuerger Moler: d'Sezessioniste Kutter, Schaack, Klopp, Rabinger, an d'Iconomaque Kirscht, Stoffel an Dillenburg.

Um Enn dann ee klengen awer ganz pertinenten Hommage un de Roger Bertemes, deen dëst Joer zéng Joer dout ass. Dem Kënschtler seng Aarbecht hätt sech esou entwéckelt wéi dat am grousse Ganzen zu Lëtzebuerg de Fall war, sou de Fils Paul Bertemes. "Provënz an deem Sënn gëtt et net, Provënz ass héchstens am Kapp. Dat si Saachen, déi halen d'Strooss, egal wou een se weist."

De Publikum kritt ee ganz privilegiéierten Abléck an d'Aart a Weis, wéi de Roger Bertemes Landschaften opgefaasst huet. Ganz besonnesch duerch eng Serie vun Zeechnungen, déi op enger Rees a Finnland am Joer 1976 entstane sinn. Et ass ee quasi intimen Abléck an dem Kënschtler seng Ausernanersetzung mat Strukturen, Flächen, Liicht, asw. Motiver, déi een herno a groussformategen Tableauen erëm fënnt.

Roger Bertemes (1927-2006)

D'Collectioun vun der Villa Vauban entwéckelt sech weider

D'Stad Lëtzebuerg hat eng ganz Rei Bertemes-Aarbechten, an dem Kënschtler seng Jongen hunn der Villa Vauban zwee weider Tableaue geschenkt. Eng Retrospektiv huet sech ugebueden, completéiert duerch eng Rei Aarbechten aus hirer Ierfschaft, déi de Paul an de François Bertemes selwer betreien.

Wéi reit se sech an de Rescht vun der Expo an? Wéi goufen déi dräi Deeler vun "Espaces d'Artistes" zesumme gestallt? "Et gëtt Ausstellungen, un deenen ee laang muss schaffe bis datt et stëmmeg gëtt. Déi heite war ganz stëmmeg", erkläert d'Gabriele Grawe. De roude Fuedem géif sech aus der Chronologie erginn.

D'Ausstellung soll ënnert anerem och däitlech maachen, datt sech d'Kollectioun vun der Villa Vauban weider entwéckelt: sief et iwwer Acquisitiounen oder iwwer Donatiounen. A béide Fäll géif eng Kommissioun iwwert d'Auswiel beroden, sou d'Conservatrice Gabriele Grawe.

Joseph Kutter (1894-1941)

An der Mediathéik:

Kultur / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Casino-2016.jpg Exklusiv
Konscht

De Verwaltungsrot vum Casino-Forum d’art Contemporain gouf erneiert a vergréissert. Déi nei Presidentin ass bei der Europäescher Investitiounsbank responsabel fir d’Sammlung vun zäitgenëssescher Konscht.

"bush walk" vum Julija Paškevičiūtė
Jonk Kënschtler

De Kolla Festival soll dem breede Public d'Konscht méi no bréngen. Dëst Joer dréit sech zu Stengefort alles ëm d'Relatioun Mënsch-Natur. Zéng Deeg laang hu jonk KënschtlerInnen un hire Projete geschafft.

Wim Delvoye a gotescher Betonsmaschinn
Zäitgenëssesch Konscht

De Belsch Wim Delvoye ass ee vun den erfollegräichste Konzeptkënschtler vu senger Zäit. Seng Retrospektive “Share” am Pei-Musée ass nach bis den 8. Januar 2017 ze gesinn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen