Lëtz'Arles "Erre" vun der Lisa Kohl zu Arles

D'Lëtzebuerger Fotografen Daniel Reuter a Lisa Kohl ware fir déi renomméiert Rencontres internationales de la photographie d'Arles selektionéiert ginn. Fir déi 51. Editioun vun der Manifestatioun, am Summer 2020. Mee wéinst Corona huet déi missen ofgesot an op de Summer 2021 verréckelt ginn. Den 8. Juli ass zu Arles Vernissage. Lëtzebuerg ass, ënner der Leedung vun der Lëtz Arles ASBL, fir d'véiert mat dobäi. An d'Kerstin Thalau ass am Virfeld vun der Lisa Kohl méi iwwer hir Foto-Installatioun gewuer ginn.

Kerstin Thalau / cbi

Lisa Kohl - Erre
Foto: CNA

D'Lëtz Arlésiens konnte fir d'Lëtzebuerger Fotografen déi historesch Chapelle de la Charité zu Arles als Ausstellungsraum gewannen. En impressionante Lieu, awer net evident fir e Fotomontage.

Mee fir d'Lisa Kohl, thematesch gekuckt, den idealen Espace. Hir Sujeten "Entwuerzelung, Flucht, Persécutioun" passe perfekt bei eng sakral Plaz, déi fir "Refuge" an "Erléisung" steet. Hier Rauminstallatioun besteet aus dräi Aarbechten: zwou Fotoserie plus de Video "Haven".

D'Realitéit hannerfroen

Kënschtlerresidenzen an der Tierkei an an Amerika hunn d'Lisa Kohl nohalteg an zu interessanten Opnamen inspiréiert. D'Fotoserie "Shelter" huet si zum Beispill vu Los Angeles matbruecht.

Der Lisa Kohl hier Approche: d'Realitéit op eng kënschtleresch Manéier ze examinéieren, ze hannerfroen, an dann eng poetesch Ausso dozou ze maachen, also d'Relatioun tëscht artistescher Kreatioun a sozialer Wierklechkeet ze sichen.

Et handelt sech deemno net ëm eng sozialdokumentaresch, mee ëm Konschtfotografie. Ass do d'Gefor net grouss, datt d'Poesie de politeschen a kritesche Message neutraliséiert?

Kollaboratioune mat anere Kënschtler

D'Lisa Kohl, Joergang 1988, huet zu Bréissel Arts visuels a Skulptur zu Halle studéiert. Si pendelt haut, geografesch, tëscht Lëtzebuerg an Däitschland, an disziplinaresch tëscht Fotografie, Film, Installatioun, Bünekonscht.

Bedeit: si kollaboréiert och mat Theaterkënschtler a Performer. Op www.lisa-kohl.com kritt dir dozou en Abléck. Idealerweis bleift et bei Arles fir d'Lisa Kohl net bei engem Abléck, respektiv Ablack, mee kéint d'Participatioun e wichtege Schrëtt an hirer Karriär ginn.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

De Paul Di Felice an d'Krystyna Dul
Invitéen am Moies-Magazin

Tëscht Juli a September ass déi 50. Editioun vun den "Rencontres internationales de la photographie d'Arles". Lëtzebuerg ass fir déi drëtte Kéier mat dobäi a mir hunn d'Vertrieder an de Studio invitéiert.

D'Lët'z-Arles-Ausstellungscommissaire Paul Di Felice a Michèle Walerich.jpg
Fotografie

Hanner de Rencontres de la Photographie d'Arles verstoppe sech eng Hellewull Demarchen, Organisatioun a Kommunikatioun. D'Ausstellungskommissäre Michèle Walerich a Paul Di Felice iwwer hir Aufgaben.

Aurore Valade zu Arles.jpg
Rencontres de la Photo

"Retour vers le futur" ass déi 49. Editioun vun de Rencontres de la Photographie zu Arles iwwerschriwwen. Déi franséisch Fotografin Aurore Valade beschäftegt sech mat Intimitéit a Politik.

Pasha Rafiy, Laurianne Bixhain
Fotografie

Um internationale Fotografie-Festival Rencontres d'Arles presentéiert Lët'z Arles dëse Summer eng duebel Ausstellung vum Pasha Rafiy ("Bad News") a vun der Laurianne Bixhain ("On the Other End").

Net verpassen

  • 16.10. Riicht eraus - Bleift d'Kierch am Duerf?

    Riicht Eraus_Beift Kierch am Duerf 2.jpg

    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen nach gebraucht ginn? Et diskutéieren d'Architektin Sala Makumbundu, de Kierchenexpert A. Langini, de G. Kieffer vum Bistum, an den R. Mangen, Schäffen Déifferdeng.

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen