MUDAM Enrico Lunghi: Disziplinarinstruktioun ofgeschloss

Enrico Lunghi am Mudam
Enrico Lunghi (Archivphoto radio 100,7)

D’Instruktioun an der Disziplinarprozedur géint den Enrico Lunghi ass eisen Informatiounen no ofgeschloss. Wéinst sengem Verhalen am RTL-Interview den 13. September, soll den Nach-MUDAM-Direkter mat enger Verwarnung, enger Réprimande oder enger Amende vu bis zu engem Fënneftel vu sengem Brutto-Gehalt sanktionéiert ginn. Dat huet den zoustännege Regierungskommissär decidéiert.

Duerch d’Instruktioun wier e Verstouss festgestallt ginn, deen eng Sanktioun néideg mécht, esou de Commissaire. Elo ass et um Kulturministère fir ze decidéieren, wéi eng Suiten et an dësem Dossier wäerte ginn. Wéini dës Decisioun fällt, wier nach net gewosst, heescht et aus dem Ministère. No der Entscheedung fir eng eventuell Sanktioun huet dee Concernéierten e Mount Zäit fir Recours ze maachen.

An der RTL-Emissioun “Den Nol op de Kapp” waren den 3. Oktober Extraiten aus dem Interview vun enger RTL-Mataarbechterin mam Enrico Lunghi diffuséiert ginn: dora war ze gesi, wéi de Muséesdirekter d’Mataarbechterin menacéiert. Een Dag no dëser Diffusioun hat de Premier-, Medien- a Kulturminister Xavier Bettel eng Disziplinarprozedur géint den Enrico Lunghi ugekënnegt.

Méi zum Thema

Josée Hansen, Paul Peckels, Jürgen Stoldt
Medien

"Glaafwierdegkeet ass dat wichtegst Verméige vun engem Editeur", seet de Generaldirekter vu Saint-Paul. Nach ee Constat a "Riicht eraus": Déi vun RTL wier an der Affär Lunghi/RTL op d'Spill gesat ginn.

Enrico Lunghi
Affaire Lunghi-RTL

De MUDAM-Direkter wëllt juristesch géint d'RTL-Mammenhaus CLT-UFA virgoen. Säi Ruff wier duerch ee falsch montéierte Bäitrag geschiedegt ginn. Och an der Politik zitt d'Affaire weider Kreesser.

Enrico Lunghi Kommentar
Mudam

Et gëtt keng Elitten a keng Kulturzeen zu Lëtzebuerg - ma nëmmen nach en Trapp, dee net méi weess, wouhi mat senger Roserei. "D'Affaire Lunghi" ass dovun nëmmen eng Episod, mengt de Christian Mosar.

Enrico Lunghi
MUDAM

Den Enrico Lunghi wëllt eng Plainte wéinst Diffamatioun géint d’Auteurë vum RTL-Telés-Bäitrag maachen. Dat schreift hien an engem Bréif un den "International Committee for Museums and Collections of Modern Art".

Enrico Lunghi am Mudam Exklusiv
Mudam

De Generaldirekter vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean huet 100,7-Informatiounen no demissionéiert. Iwwert d’Grënn ass nach näischt gewosst.

Dem Enrico Lunghi seng Reaktioun op déi geplangt “Synergien” am Beräich vun der zäitgenëssescher Konscht – dat heescht enger envisagéierter Fusioun tëscht dem Casino-Forum d’art contemporain an dem Mudam (Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean)

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen