Enrico Lunghi: An da solle mir nach spueren?!
Dem Enrico Lunghi, Direkter vum Mudam, seng Reaktioun op déi geplangt “Synergien” am Beräich vun der zäitgenëssescher Konscht – dat heescht enger envisagéierter Fusioun tëscht dem Casino-Forum d’art contemporain an dem Mudam (Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean).
Den Enrico Lunghi ass d’accord mam Jo Kox fir ze soen datt d’Iddi, de Casino an de Mudam mateneen ze fusionéieren fir op déi Manéier Suen ze spueren, kaum Chancen huet ze funktionéieren. Dovun ofgesi géinge “Synergien” tëscht béiden Haiser scho längst bestoen. Firwat sinn och grad de Mudam an de Casino am Viséier? Béid Haiser géife, mat vergläichsweis wéinege Moyenen, schonn alles gi wat se kënne fir hir Missiounen am Kader vun der lëtzebuerger Kulturlandschaft z’erfëllen, an zur Reputatioun, am Ausland, vu Lëtzebuerg als kulturell attraktiv Plaz bäizedroen.
A propos Moyenen: mat villen Efforte war et dem Mudam 2013 gelongen, en équilibréierte Budget ze hunn. Fir 2014 goufen him 400.000 Euro gestrach. Fir d’Haus um goen ze halen, muss de Mudam an déi Ressource puiséiere goen, déi eigentlech duerfir geduecht waren fir d’Kollektioun auszebauen. Eng Situatioun déi net glécklech ass. Ëmmerhinn ass se, duerch d’Gesetzännerung vu leschter Woch, net illegal.
De Bäitrag vum Cléo Thoma iwwer eng ugeduecht Fusioun Casino-Mudam als Spuermesure:
De Bäitrag vum Cléo Thoma iwwer déi budgetär Situatioun vum Mudam: