Bibliothéiken Eng nei Presidentin fir de CSBP

Eelef ëffentlech Bibliothéiken, d'Nationalbibliothéik, de Centre Audio-Visuell an de Centre national de littérature si Memberen vum Conseil supérieur des bibliothèques publiques. Dëse Conseil, an deem och Representantë vum Syvicol, dem Kultur- an Educatiounsministère vertruede sinn, krut elo eng nei Presidentin: d'Deborah Storn. Eng Roll, déi opgrond vun der Corona-Pandemie nei Erausfuerderungen awer och nei Méiglechkeeten mat sech bréngt.

Valerija Berdi / tt

Deborah Storn
D'Deborah Storn ass nei Presidentin vum CSBP. copyright: DP

D'Deborah Storn ass diploméiert Bibliothekärin a schafft an der Stater Cité Bibliothéik. De Conseil supérieur des bibliothèques publiques, kuerz och CSBP genannt, ass ee "Gremium, dee consultativ ass, vum Kulturminister" erkläert déi nei Presidentin. De CSBP hätt eng berodend Roll a géif de Bibliothéiken hëllefe sech auszetauschen an nei Projeten unzegoen.

Eng Coordinatrice tëschent de Bibliothéiken

De Conseil trëfft sech véiermol am Joer, virun allem virun de groussen Evenementer, wéi de Walfer Bicherdeeg an de Journées du livre, déi och an der Bibliothéikswelt grouss Evenementer sinn.

D'Presidentin selwer versteet sech als Koordinatorin tëschent dem Ministère an den ëffentleche Bibliothéiken, awer och als Koordinator tëschent de Bibliothéiken. Déi wieren nämlech ganz ënnerschiddlech, an der Gréisst, vum Personal, vun den Trägeren hier. Hir Motivatioun sech fir dëse Posten ze mellen:

"Ech war virdru scho méi laang Member an et huet mech immens gereizt, dee Feedback ze kréien an deen Input vun den eenzele Kolleegen. Natierlech kritt een als President an als Koordinator d'Méiglechkeet sech och perséinlech anzebréngen, Propositiounen duerzebréngen."

Eng Zäit vun neie Erausfuerderungen

D'Deborah Storn huet sech wuel net déi einfachst Zäit ausgesicht fir d'Leedung vum Conseil Supérieur des bibliothèques publiques ze iwwerhuelen. Och wann d'Bibliothéiken am Moment op sinn, spillt och do de Coronavirus eng decisiv Roll. Et wär vill Häerzblutt vum Conseil dra gestach ginn, fir dem Public den Zougang zu den Bibliothéiken ze erméiglechen, wärend an nom Confinement, wou jo weiderhi streng Mesurë gëllen. A weider leien nach zwee wichteg Sujeten der neier Presidentin um Häerz:

"Mir hunn dëst Joer gesinn, datt ganz vill Leit och am Confinement op d'Ressource numériques zeréckgegraff hunn: si hunn E-books erofgelueden an Audiobooks fir ze lauschteren, alles am digitale Format. Et ass sécherlech eng Offer, wou ech denken, déi een och kéint ausbauen an den ëffentleche Bibliothéiken. Do kéint de CSBP deen een oder aneren Ureiz ginn. Liesungen, déi net méi kënne physesch statt fannen, déi ginn digital iwwerdroen oder gestreamt, oder op anere Supporten duerbruecht."

Besonnesch d'Kanner, fir déi elo jo eng ganz Partie Aktivitéite ewechfalen, wéilt een an den ëffentleche Bibliothéiken net vergiessen, ënnersträicht d'Presidentin vun der CSBP. Ee gutt Kannerbuch géif et hinnen erméiglechen aus dem monotonen Alldag erauszeklammen.

D'Bibliothéik, ee Lieu de rencontre

D'Deborah Storn denkt awer nach weider un Post-Covid-Zäiten:

"Et duerf een net vergiessen, datt eng Bibliothéik och eng immens grouss sozial Roll spillt. Mir maachen als ëffentlech Bibliothéiken Aktivitéite fir Kanner, Auteureliesungen, an aner Saachen, déi eng physesch Presenz vum Personal a vun de Leit erwënscht. D'Roll vun der Bibliothéik als de Lieu de rencontre schéngt mir immens wichteg ze sinn."

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean Portante an Discours sur la littérature
Literatur

An enger Autoreresidenz huet de Jean Portante sech Gedanken iwwer Grenzen, d'Schreiwen an d'Literatur gemaach. Seng Iwwerleeunge sinn elo am neie Band vum "Discours sur la littérature" ze fannen.

Vue an d'Veianer Stroossen
Literatur

Viru bal 150 Joer war de Victor Hugo fir d'lescht a sengem Haus zu Veianen. D'ASBL Les Amis de la Maison de Victor Hugo à Vianden organiséieren elo ee Poesie-Concours.

Jean Back L'Arc di Marianna Buchkritik
Literatur

Den epesche Roman "L'Arc di Marianna" (Editions Guy Binsfeld) erzielt eng tragesch Libesgeschicht. De Jean Back huet sech ganz vill virgeholl. Sengen Ambitioune gëtt hie bei Wäitem net gerecht.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen