Jean Back - De Schapp beim Wal Eng kleng Geschicht mat vill Inhalt

Kremart Edition huet véier nei Bänn an hirer Rei "Timba" erausbruecht. Et handelt sech hei ëm kuerz Geschichten, déi an eenzele Bänn publizéiert sinn. D'Valerija Berdi huet dem Jean Back seng Geschicht "De Schapp beim Wal" gelies. E Mann verléiert seng Existenz a fënnt doduerch en neie Sënn am Liewen.

Valerija Berdi / cbi

Jean Back - De Schapp beim Wal

Et ass ee gewinnt beim Jean Back ëmmer op éischter skurril Perséinlechkeeten ze stoussen. Esou ass et och net anescht a senger rezenter Kuerzgeschicht "De Schapp beim Wal". Och hei dierf eent net feelen, an dat ass Diddeleng. Mee, mir sinn hei net an enger Stad, mee matzen am Bësch: an der Forêt domanialen den Zoufftgen, op Lëtzebuergesch de Wal genannt.

Eng onbedeitend Roll am Liewen

De Protagonist, en onbedeitende Schauspiller, huet net just keng Roll am Film ze spillen, mee och net méi a senger Famill a lieft an engem Schapp. Hien erënnert sech mat Freed u säi Kolleeg de Mich, deen a sengen Aen eng buedemstänneg a gescheit Vue op d'Liewen an op d'Mënschen huet. Manner gär denkt hien u seng gescheitert Relatioun mat senger Fra an där hire dräi Kanner, a ganz verbattert si seng Souveniren u kleng Niewerollen, déi hien als Acteur mol hat. Hei am Bësch kann hien awer seng Roll spillen.

Enges Daags stinn Aarbechter virum Acteur sengem Schapp an deelen him mat, datt hie ganz geschwënn de Schapp verloosse muss, well op dëser Plaz eng Deponie fir Bauschutt entsteet. Eng Ausso mat dramatesche Konsequenzen.

De Widderstand géint Autoritéiten

Eng kleng Geschicht mat vill Inhalt. Op gutt 30 Säite gëtt de Widderstand vun engem klenge Mann géint Autoritéite beschriwwen, e klenge Kampf ëm e Stéck Natur, de Zivilcourage, deen een haut ëmmer méi vermësst.

Dem Jean Back geléngt hei mat engem u sech ganz einfache Plot op eng facettëräich Manéier vill Sujeten unzeschwätzen, an och wa seng Dialoger tëschent de Frontaliersaarbechter an dem Acteur e bëssen holperesch opgebaut sinn, esou si seng Beschreiwungen, dem Acteur seng Gedanken a seng Roserei iwwerzeegend.

En Extrait:

"Wat si Wierder wäert? Wann ech schwätze wéi e Groussen? Oder mech als Grousse verhale wéi e Klengen? Wéi en onbedeitende Wuerm, fir dass d'Wierm mer nolauschteren. Die Rede an die Würmer: An die Engerlinge und Wühlmäuse, damit sie verstehen. Und glauben. Nëmmen, si brauche keen Inhalt, déi Wierder. Brauchen nëmme Sang a Klang. Dann dauchen ech ëmmer méi déif, de Gedanken no. Komme mer vir, ewéi wann ech an e Pëtz géing sprangen, vu Wuert zu Silb, hannert d'Buschtawen, dat Zeeche sinn, eidel Kréngelen, schéin, awer ouni Wierklechkeet, mat schaarfe Kanten a Virspréng, mat Bëlsen a Knuppen a Splécken, laanscht déi ech strummen, iwwert dem Falen, laanscht spatz Träppleke vum Zoufall trëllen, méi déif erof, vu Komma bis zum Gedankestréch a Punkt kommen ech un."

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

tania nakandy - da ist was im busch
Tania Naskandy - da ist was im busch

An eelef Kapitelen thematiséiert d'Tania Naskandy an dësem neie Wierk den neie Corona-Virus a wat dee mat eis an aus eis mécht. Ronn 120 Säiten Dräizeiler, déi ganz bësseg an ëmmer pointéiert op déi mënschlech Onzougänglechkeeten hiweisen.

Jos Kayser - Gleef net, wat d'Fréijoer der versprécht Buchkritik
Literatur

Dem Jos Kayser säin neie Roman "Gleef net, wat d'Fréijoer der versprécht" (Editions Schortgen) ass e Thriller, deen d'Enteegnung vun de Judde mat enger verstoppter Familljegeschicht verbënnt.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen