Luxfilmfest Eng Heldin, sou schwaach, sou staark

"Marlina the murderer in four acts" vun der indonesescher Realisatrice Mouly Surya ass ee Spaghetti-Western a feministesche Revenge-Film, deen op eng originell Aart a Weis een nuancéiert Bild vun der Fra zeechent. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Michel Delage

Filmkritik Marlina the Murderer 02 (c) Eriekn Juragan.JPG
Dea Panendra a Marsha Timothy (Foto: Eriekn Jurakan)

D'Marlina, eng jonk Witfra an enger ländlecher Géigend an Indonesien, gëtt an hirem Haus vu Raiber iwwerfall. D'Fra léisst sech dat awer net gefalen: et geléngt hir déi meescht Männer iwwert dem Iessen ze vergëften. De Chef vun der Band, dee si vergewaltegt huet, kritt de Kapp ewech geschnidden. Mat deem Kapp mécht d'Marlina sech dann op de Wee an dat nächst Duerf bei d'Police.

Déi indonesesch Realisatrice Mouly Surya huet eng Zort Spaghetti-Western mat spektakuläre Landschaftsopnamen, respektiv ee feministesche Revenge-Film gedréint, deen a senger Thematik u "Kill Bill" vum Quentin Tarantino erënnert. Verschidden Elementer wéi déi Ennio Morricone-ähnlech Filmmusek, de 60er-Jore-Grain, de schwaarzen Humor (d'Marlina schleeft de Kapp vun hirem Vergewalteger mat sech!), Splatterzeenen oder och déi pittoresk Dialoge verstäerken dee Lien.

Zäitlos Gewalt géint Fraen

Ee wichtege Prinzip vum Film ass, datt e klassesch a modern Elementer matenee verbënnt. Klassesch ass "Marlina" a senger Erzielstruktur, mat engem Opbau a véier Akte wéi an engem Theaterstéck. Déi symmetresch Bildkompositioun vun der Iesszeen erënnert un eng klassesch japanesch Verfilmung vun enger Téizeremonie. Aus aneren Zäite wierken dann och d'Macheten, mat deenen d'Protagonisten am Film fuchtelen. Mat de Macheten am Grapp fueren d'Raiber dann awer op Motoen. A wéi dann op eemol och en Handy schellt, gëtt dem Spectateur zerguttst bewosst, datt de Film sech hautdesdaags ofspillt. D'Thematik vun der Gewalt géint Fraen ass zäitlos an awer zäitgenëssesch.

Am Géigesaz zum Tarantino, bei deem d'Vergewaltegung eréischt zum Schluss, als Héichpunkt vun der opgebauter Spannung, gerächt gëtt, rächt d'Marlina sech direkt am Ufank vum Film. Amplaz sech lues a lues zur staarker Heldin ze steigeren, ass et eng Fra, déi vun hirer eegener Heldendot schéngt iwwerwältegt ginn ze sinn. Um Wee fir an d'Duerf trëppelt hir de Bandechef - ouni Kapp - no a spillt op enger Gittar. Et ass déi halluzinéiert Projektioun vun hirem schlechte Gewëssen. Wéi d'Marlina am Duerf op enger Bänk sëtzt, fänkt si u mat Kräischen.

Plädoyer fir d'Solidaritéit tëschent Fraen

D'Spill mat der Déift vum Bild schaaft eng Spannung an ënnersträicht den Drock, där d'Fra ausgesat ass. Während d'Raiber am Hannergrond an der Salle à manger op d'Iesse waarden, steet d'Marlina am Virdergrond an der Kichen: si sicht verzweiwelt no engem Wee, fir aus där Situatioun erauszekommen. Hire verstuerwene Mann - eng an enger Decken agewéckelt Mumie -, déi an engem Eck vun der Salle à manger sëtzt, kann der Fra net hëllefen. Wéi d'Marlina um Bord vun der Strooss op de Bus fir an d'Duerf waart, ass den Hannergrond dréif gehalen: d'Fra wierkt isoléiert.

Aus dem dréiwen Hannergrond daucht dann eng Frëndin vum Marlina op. Et ass eng schwanger Fra, déi sech nëmme lues a mat vill Méi ka beweegen - och si ass op eng Manéier mat enger Laascht geplot. Paradoxerweis ass et d'Frëndin, déi dem Marlina déi decisiv Ënnerstëtzung ka bidden - ee Plädoyer fir Solidaritéit ënnert Fraen!

D'Realisatrice Mouly Surya zeechent een nuancéiert Bild vu Fraen, déi gläichzäiteg schwaach a staark sinn. "Marlina the murderer in four acts" ass een originelle Film, deen op eng flott Manéier Tragik a Komik matenee verbënnt.

Méi zum Thema

Pity 02 (c) 2017 Margarita Nikitaki, All Rights Reserved.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

"Pity" vum Babis Makridis ass eng bizare griichesch Komedie iwwert de Besoin fir bematleet ze ginn. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Holiday Filmkritik
Luxfilmfest

Kënnt een aus enger iwwerflächlecher Luxuswelt, an där ee gefaangen ass, nees eraus? Dorëms geet et am dänesche Film "Holiday" vun der Isabella Eklöf. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

GUTLAND 08 (c) DR.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

"Gutland" vum Lëtzebuerger Govinda Van Maele vermëscht Elementer aus Film noir, Thriller an Documentaire fir den Integratiounsprozess vun engem Aussesäiter an eng fir hien nei Gemeinschaft duerzestellen.

Foxtrot (c) DR 01.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

D'Trauer vun den Elteren, d'Onsënnegkeet vum Krich... Den israeleschen Drama "Foxtrott" behandelt een tragesche Sujet mat engem erstaunleche Räichtum u filmesche Mëttelen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen