Eng zéng Kilometer nordwestlech vu Sankt Vith läit de "Rechter Schieferstollen". Op Initiativ vun de Gebridder Margraff sinn d'Aarbechte fir d'Galerie 1890 lassgaangen. 20 bis 25 Aarbechter hu während fënnef Joer geschafft, fir déi 400 Meter vun der Galerie ze duerchbueren. Tëscht dem 17. Joerhonnert an 1920 ass zu Recht de sougenannte Blosteen aus der Galerie oftransportéiert a verschafft ginn.
Brauchbar Steng hunn d'Aarbechter an den 1890er Joren allerdéngs eréischt fonnt, nodeems si sech 300 Meter wäit an de Bierg eragesprengt haten. D'Ofbaukummer ass Kathedral gedeeft gi, well si plazeweis iwwer 14 Meter héich a ronn 100 Meter laang ass.
Kräizer an Träch fir d'Schwäin
De Landers Didier ass President vun der "Asbl Schieferstollen Recht". De Schiferstollen ass 2007 fir de Public opgaangen. Fréier hätt een duerch e Schacht mat enger Leeder missen an de Stollen erofklammen. Wou d'Decisioun koum, fir de Stollen zouzebetonéieren huet de Landers Didier d'Initiativ geholl, fir dëst Denkmal fir d'Regioun z'erhalen.
Effektiv weist de Sproch "Kreuze und Schweinetröge haben die Rechter am Brot gehalten" op d'Bedeitung vum Steenhandwierk fir d'Regioun hin. Direkt am Agangsberäich gëtt däitlech, datt mat der Rechter Lee aus Blosteen, keng Diecher gedeckt goufen, well e sech net reng genuch splécke gelooss huet. Mä Grafkräizer a -Placken, Fënster- an Dierrummen, sou muench Véiträch, Bassine fir Louhecken, Waasserréier a Behälter fir Choucroute an a ronderëm Sankt Vith sinn nach haut opfälleg gro-blo.
Och "der belgische Brocken", e Schläifsteen fir extrem schaarf Kléngen, ass aus dem Rechter Blosteen gemaach ginn. Duerch de Rechter Blosteen zéie sech onregelméisseg, giel, schmuel Deeler - d'Mineral Spessartin - an deem butzeg Kristaller dra sinn. Haaptclient vum Rechter Blosteen war awer fréier d'Kierch, déi domat hir sakral Konscht realiséiert huet. De Blosteen hat schliisslech 400-500 Millioune Joer iwwerlieft.
Origine vum Blosteen
Entstanen ass de Blosteen duerch d'Kollisioun vun zwou kontinentale Placken. Duerch d'Kollisioun ass an der Mëtt Gestengs zesummen a quasi vertikal an d'Luucht gedréckt ginn. Et wéisst ee, wou de Steen entstanen ass, seet de Landers Didier. "Mir louchen deemools quasi um Südpol."
Haaptsächlech déi historesch Fuerschung stécht nach an de Kannerschong. Ënnert anerem well et knapps honnert Joer no der Fermeture vum Schiferstollen och keng Zäitzeie méi ginn. Et hätt een nach al Pläng vun de Felder an Texter, seet de Landers Didier.
"D'Texter kommen deelweis nach vun de Nofueren vun deenen, déi hei geschafft hunn. Beziehungsweis vu Steemetzer." Et géif een dovun ausgoen, datt am Éischte Weltkrich d'Galerie aus verschiddene Grënn zougemaach gi wier.
D'Geschicht vun den Aarbechter
De Schifer wier eng Zäitche laang aus Wales importéiert ginn, well an de Grouwen aus West-Europa net méi vill lass gewiescht wier, seet de Landers Didier. E puer Leit aus der Galerie zu Recht wieren op Wales geplënnert, fir do Aarbecht ze fannen.
An der Zäit war et ëmgedréint. Ugangs vum 18. Joerhonnert koume Steemetzer aus Tirol op Recht. Si hunn typesch Tiroler Symboler an hir Aarbecht integréiert an esou de sobere Rechter Stil opgepeppt a fir en neien Opschwong gesuergt.
"Déi Leit, déi heihinner komm sinn, waren nach relativ jonk. Mir ginn dovun aus, datt si zu Veianen un der Festung geschafft hunn. A si sinn hei duerch gereest an hunn de Steen entdeckt."
Verschiddener hätte sech zu Recht niddergelooss. Dofir wieren och Lëtzebuerger Nimm wéi "Zangerlé" oder "Staark" nach vill am Duerf präsent.
Am Zweete Weltkrich hunn d'Leit de Rechter Schiferstollen als Schutzbunker benotzt. Dorënner dem Didier Landers seng Mamm. Vläicht och eng Motivatioun fir sech fir d'Opschaffe vun der Geschicht vum Rechter Stollen an der Grënnung vun engem ënnerierdesche Musée anzesetzen.