arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Fabel, déi keng ass

Buchtipp fir de Summer

|
reading time

3 min

Eng Fabel, déi keng ass

D'Maryse Condé ass mat hirem Buch "Moi, Tituba, sorcière..." weltbekannt ginn. Déi op der Guadeloupe gebuere Schrëftstellerin thematiséiert d'Zäit vun der Kolonialisatioun a weist, datt d'Folge vun der Ënnerdréckung an der Erniddregung nach ëmmer present sinn.

reading time

3 min

"Oh God, I could be bounded in a nutshell and count myself a king of infinite space, were it not that I have bad dreams."

Aus der Nossschuel ginn d'Zwillingen Ivan an Ivana erausgedréckt, aus dem Ënnerleif vun hirer Mamm. Schonn d'Beschreiwung vun dëser Gebuert ass typesch fir de markante Schreifstil vun der Maryse Condé.

Synopsis

D'Zwillinge wuessen op. Ëm si hir Mamm, hir Groussmamm, Tattaen a Cousinen, an hirem Duerf mam Numm "Dos d'Âne" op der Gouadeloupe. De Papp, e weltbekannte Cellist lieft a Kanada an existéiert virleefeg net an hirem Liewen. Den Ivan an d'Ivana sinn onzertrennlech. Duerch dat Groussgi léiere si net just hir Ëmwelt kennen, mä si och begräifen. Begräifen, wat et heescht zu den Äermste vun den Aarmen ze zielen. Wat et bedeit eng däischter Haut ze hunn an d'Nokomme vu Sklaven ze sinn.

Mä et ass keng häerzzerräissend Geschicht, déi d'Maryse Condé hei erzielt. D'Zwillinge verbënnt eng emotional an eng kierperlech Léift. An am Fong geholl soss näischt. Méi ënnerschiddlech, wéi den Ivan an d'Ivana, kënnen zwee Mënschen net sinn. An hirem Optrieden, hiren Iwwerleeungen, hiren Appreciatiounen an Approchen an doduerch natierlech och an hirer Entwécklung.

Kontraster an ëmmer nei Perspektiven

Humiliatioun, Verleumdung, Indoktrinatioun an Terrorismus géint Intelligenz, Schéinheet, Duussheet a Léift. An iwwert all deem, d'Passioun an all hire Formen.

D'Maryse Condé schafft bewosst mat Clichéen. Si stellt dat Gutt dem Béise géigeniwwer fir permanent mat de Kontraster ze schaffen, déi hei openee stoussen, sech vermëschen, Neies entstoe loossen, hir Plazen an hir Perspektive wiesselen.

"Entre Ivan et lui le courant passa aussitôt. Ils sentirent immédiatement qu'ils étaient faits du même bois, du bois dans lequel on taille les perdants à vie. Ivan à la vérité n'avait guère eu d'amis, obsédé qu'il était par sa sœur. Il découvrit le plaisir qu'il y a à trouver un être dont les réactions, les tensions, les conclusions sont proches. Il parla à Mansour de son enfance, ce qui l'étonnait lui-même car il avait toujours estimé que son enfance n'offrait aucun intérêt. Il trouvait des mots inattendus pour lui décrire son pays, sa mère, sa grand-mère et mille petits évènements qui soudain surgissaient et emplissaient sa mémoire."

Vun der Guadeloupe op Mali an op Paräis. D'Personnagë befanne sech ëmmer erëm op enger fir si neier Terra incognita. De Lieser muss sech mat hinnen zu Recht fannen, sech duerch déi verschidde Perspektiven orientéieren an déi ganz verschidden Andréck op sech awierke loossen.

Stil léisst keng Identifikatioun zou

Duerch hir distanzéiert, bal onperséinlech Sprooch verhënnert d'Maryse Condé, datt sech iwwert dem Liesen iergendwellech Gefiller fir d'Protagonisten entwéckelen. Kee Matleed a keng Roserei, kee Veruerteelen a keen Entschëllegen. Et entsteet keng Identifikatioun mat de Figuren, et ass een bal zu enger steriller Observatioun gezwongen.

A wann een dann déi lescht Säite gelies huet, gëtt ee sech der magescher Kraaft, déi vun der Maryse Condé hirer Sprooch ausgeet, bewosst. Datt all Wuert seng präzis Bedeitung op der him decernéierter Plaz huet, datt d'Liesen op méi Niveauen ofleeft an datt et grad dës onduerchdrénglech Duerstellung ass, déi een esou villes begräifen deet.

Condé Maryse, "Le fabuleux et triste destin d'Ivan et d'Ivana" (JC Lattès, 2017)