Hubert & Zanzim, Peau d’Homme Eng BD tëschent Renaissance-Comédie an LGBT-Aktivismus

"Peau d'Homme" spillt an der Renaissance an erzielt awer eng Geschicht fir eis Zäit. D'Handlung kéint direkt aus enger Shakespeare-Comédie sinn: D'Bianca soll den Giovanni bestueden, deen et kaum kennt.

Jeff Thoss / cbi / cz

Peau d'Homme

Fir scho virun der Hochzäitsnuecht ze wëssen, op wat hatt sech aléisst, léint him seng Tatta eng "peau d'homme", eng Männerhaut, déi een undoe kann a mat där een da no bausse wéi e Mann ausgesäit.

Esou "verkleet" ka sech d'Bianca dem Giovanni op all deene Plaze rapprochéieren, wou et als Fra normalerweis net hin dierf. Séier komme sech déi zwee méi no, mee d'Bianca mierkt och, datt den Giovanni sech souwisou éischter fir Männer interesséiert.

D'Spill mat de Geschlechterrollen notzen de Zeenarist Hubert an den Zeechner Zanzim fir vill humorvoll Situatiounen, mee si ginn nach e Schrëtt weider: Zesumme mam Giovanni entdeckt Bianca eng queer Subkultur a sengem italieenesche Stiedchen a gëtt zu enger LGBT-Aktivistin avant la Lettre.

Mat den helle Faarwen an de kloren Zeechnunge vum Zanzim gëtt "Peau d'Homme" zu enger liewensfrou, erfrëschender BD, mat Momenter e bëssi plakativ, mee ni ouni Charme a Witz.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Unfollow
Lukas Jüliger - Unfollow

Mat engem rouegen a "léiwe" Stil gelëngt et dem Lukas Jüliger eng ëmmer méi onheemlech a grujeleg Atmosphär ze erschafen. Eng Fiktioun, déi heiansdo geféierlech no un der Realitéit ass.

Barking
Lucy Sullivan - Barking

An hirer Graphic Novel "Barking" benotzt d'Lucy Sullivan e grafft Schwaarz-Wäiss an eng onreegelméisseg Linn. Et ass e Buch dat matrappt an engem d'Theema vun Trauer an Depressioun méi no bréngt.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • On air

    Sot emol

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen