Buch-Tipp fir de Summer Eng batterbéis Vue op Moldawien
"Déi erfrëschendst an déi ironeschst Stëmm aus der aktueller russeschsproocheger Literatur," mengt den ukrainesche Schrëftsteller Andreï Kurkov. De russeschen Auteur Vladimir Lortchenkov huet a säi Roman "Le dernier amour du lieutenant Petrescu" esou vill pechschwaarzen Humor, batterbéise Sarkasmus an tragesch Ironie gepaakt, datt ee just staunen, laachen a genéisse kann. Moldawien um Wee an den internationalen Kampf géint den Terrorismus.
E klenge Kiosk, am Besëtz vun engem Syrer, dee syresch an afghanesch Studenten astellt, fir mat senge Schawarma géint de MacDonalds ze konkurréieren. Dat ass den Ausgangspunkt vun dëser Geschicht, déi méi grotesk an absurd net kéint sinn.
De grousse strategesche Feeler vum Kioskbesëtzer Mahmoud ass, datt seng Kebab-Bud vis-à-vis vum moldawesche Geheimdéngscht steet an hien en Afghan mam Numm Oussama beschäftegt huet, dee fir d'Schneide vun den Ënnen zoustänneg ass an de jonken an ambitionéierte Leutnant Petrescu eran iesse kënnt.
Banal Faite suergen dofir, datt Moldawien eng Muecht wéi d'USA gëtt an de moldawesche Geheimdéngscht SIS mam FBI a mat der CIA op een Niveau kënnt.
Eng skurril Erzielung mat verschiddene Charakteren
Mä natierlech ass alles vill méi komplizéiert, well d'Léift vun zwee Männer fir déi selwecht Fra sou muenches op d'Kopp geheit an den Ënne-Schneider Oussama mam Terroristenféierer Bin Laden net richteg vill gemeinsam huet.
D'Lieser a Lieserinne begéinen an dëser skurriller Erzielung awer och dem Duerfvollek a Form vun der Boma Maria, déi um Wee an d'Haaptstad ass, fir hir Hénger ze verkafen. Si probéiert engem Student z'erklären, wéisou hiert Wëssen iwwer d'Geschicht besser ass, wéi dat, wat an de Bicher geschriwwen steet an dobäi un hirer Fëschschmier knat. Well de Student net esou richteg zu engem Dialog bereet ass, beäntwert si hie eege Froe selwer. Schliisslech ass dat d'Definitioun vu der Rhetorik.
Weider gëtt ee gewuer, datt déi schlecht Qualitéit vum moldawesche Wodka eng Fro vum Image ass an déi ofhuelend Qualitéit vum moldawesche Wäin d'Resultat vun enger Konspiratioun ass.
Iwwerspëtzten Duerstellung a groteske Plot
Mat lauter klengen Tëschegeschichten, déi d'Liewen a Moldawien total iwwerspëtzt duerstellen an zu engem groteske Plot zesummeflechten, wou et weder u Gewalt, Mord, Mëssverständnesser, a grad esou wéineg u Léift a Frëndschaft feelt, geléngt dem Lortchenkow eng batterbéis Vue op säin Heemechtsland.
D'Doppelmoral an d'Striewen no Muecht vun de Protagonisten zeechnen awer net just e Bild vun engem osteuropäesche Staat, mä si ganz gutt iwwerdrobar op vill Mënschen, déi op hirem Wee no uewen, ouni Skrupel, iwwer Läiche ginn. Beim Lortchenkov ass dësen offensichtleche Wiesenzuch esou polemesch a pointéiert duergestallt, datt ee mat Momenter Sympathie mam Leutnant Petrescu a senge Kollegen huet, jo, souguer bal Matleed, well den Auteur se ëmmer nees op en neits ouni Erbaarme bloussstellt.
Symbios tëscht Kusturica a Kaurismääki
Et ass den drëtte Roman vum Vladimir Lortchenkov, deen op franséisch iwwersat ginn ass, den éischten, mam Titel "Mëllech an Hunneg" ass op franséisch ganz passend "Des mille et une façons de quitter la Moldavie" iwwersat ginn. Och hei e Portrait vun enger Gesellschaft, déi sech op de Wee an e bessert Liewe maache wëll an op eng batterbéis Manéier natierlech scheitert.
De Lortchenkow ass op alle Fall eng perfekt Summerlecture, eng Zort Symbios tëschent dem Emir Kusturica an dem Aki Kausrismääki a Romanform.
Le dernier Amour du lieutenant Petrescu ass am Verlag Agullo Fiction publizéiert.