Film Een Toxkapp gëtt schwanger

De Rumän Radu Muntean huet ee realisteschen Entwécklungsfilm gedréint, bei deem virun allem d'Bezéiung Mamm-Duechter am Virdergrond steet. Aus der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival. Kritik.

Michel Delage

CinEast 2018 alice_t_01.jpg
Andra Guti (Foto:CinEast)

Dem Alice seng Mamm huet et net einfach mam duerchdriwwenen Teenager: d'Meedche mécht méi oder wéineger wat et wëllt, léisst sech näischt soen (scho guer net vun der Mamm hirem Frënn) a gëllt an der Schoul als "Problemkand". A wann dat net scho genuch wier, kéint et gutt sinn, datt d'Alice elo och nach schwanger ass ...

"Alice T.", vum rumänesche Realisateur Radu Muntean, ass ee klasseschen Entwécklungsfilm, eppes wat am Jargon als "coming-of-age"-Film bezeechent gëtt. An deem heite Fall gëtt den Iwwergang vum Meedchen zur jonker Fra op eng realistesch Manéier duergestallt.

Am Kontrast zum Eescht vun der Situatioun

Déi laang Plan sequencen (Opnam ouni Schnëtt), déi am rumänesche Kino zum Standard gehéieren, ënnersträichen de realisteschen, scho bal dokumentaresche Charakter vum Film. Vun de Schauspiller virun der Kamera verlaangt dee Stil schonn eng gewësse Konzentratioun.

Ervirzehiewen ass deemno déi schauspilleresch Leeschtung vun der jonker Actrice Andra Guti, déi de Personnage vum Toxkapp Alice iwwerzeegend, mat sënnlecher Präsenz verkierpert, frech, ëmmer provokant, mol mat Brëll, mol ouni Brëll, mat rout gefierften, rebelleschen Hoer. Datt d'Meedchen wärend dem Gros vum Film verspillt ass, steet am Kontrast zum Eescht vu senger Situatioun.

Mamm-Duechter Bezéiung

Deen interessantsten Aspekt vum Film ass sécherlech d'Duerstellung vun der Bezéiung Mamm-Duechter. Dës Relatioun ass wuel vu Konflikter gezeechent. Zum Ausdrock kënnt dat besonnesch an enger Zeen, an där si zesummen am Buedzëmmer sinn an d'Alice sech virum Schwangerschaftstest strieft. Alle béid si si am Bild, säitlech gefilmt, mol kuckt d'Alice op seng Mamm erop, mol op si erof, awer ëmmer mat engem Bléck vun Erausfuerderung - d'Tensioun ass spierbar.

Trotz de Spannungen ass déi Relatioun awer gréisstendeels vun engem staarke Lien gezeechent. Am Büro vun der Schouldirektesch stellt sech d'Mamm schützend virun hiert Meedchen. A Filmsprooch ausgedréckt: béid Personnagë sinn am selwechte Kader, vun der Säit gefilmt, d'Mamm sëtzt am Virdergrond, schaarf, (a schwätzt mat der Direktesch, déi net am Bild ze gesinn ass), d'Meedchen am Hannergrond, ouni ee Wuert ze soen, dréif.

Versteesdemech, Frëndschaft, an esouguer Identifikatioun: Wärend enger Echographie weist d'Alice keng Emotiounen, bleift onbedeelegt a kuckt esouguer vum Ecran, op deem de Foetus a sengem Bauch ze gesinn ass, ewech. D'Kamera schwenkt dann op d'Mamm eriwwer, déi - am Géigesaz zum Meedchen - gespaant op den Ecran kuckt a vu Freed laacht. Et ass, wéi wann d'Mamm hir eege Schwangerschaft nees géif erliewen.

De Film ass onspektakulär, souwuel wat de Fong wéi och d'Form ubelaangt. Am Rhythmus ass e vläicht e wéineg ze flaach: alles schéngt op dee Moment ausgeriicht ze sinn, wou et beim Meedchen zu enger "Prise de consience" kënnt. Bis dohi kann d'Zäit engem dach e bësse laang virkommen ...


"Alice T." leeft nach eng Kéier dëse Mëttwoch um 20h30 an der Cinemathéik am Kader vum CinEast-Festival.

Méi zum Thema

winter_flies_01.jpg CinEast 2018
Film

Ee skurrille Roadmovie iwwer zwee Jugendlecher an enger tschechescher Wanterlandschaft. Eng déifgrënneg Comédie iwwer de Sujet vun der Fugue.

another_day_of_life_05.jpg CinEast 2018
Film

De berühmte polnesche Journalist Ryszard Kapuścinśki steet am Mëttelpunkt vun "Another Day of Life", engem Animatiounsfilm iwwer de Biergerkrich an Angola. Interview mam Co-Realisateur Damian Nenow.

one_day_03.jpg CinEast 2018
Film

Den Debut-Film vun der ungarescher Realisatrice Zsófia Szilágy ass een intimistesche Portrait vun enger iwwerfuerderter Mamm aus de Mëttelklassen.

Aga Cineast 2018
Film

Dem Bulgar Milko Lazarov säi schéinen, kontemplativen an traurege Film "Ága" weist, datt de Mënsch am Fong mat deene selwechte Problemer ze kämpfen huet, egal a wéi engem Ëmfeld hie lieft. Eng Kritik.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen