Zeechentrickfilm Ee visuellt Freedefeier

Dem Comiczeechner Lorenzo Mattotti seng Adaptatioun vum Dino Buzzati sengem Kannerroman "La Fameuse invasion des ours en Sicile" ass intelligent a kënschtleresch usprochsvoll Animatioun.

Michel Delage

FILMKRITIK La Fameuse invasion des ours en Sicile
Foto: © 2019 Prima Linea Productions - Pathé Films - France 3 Cinéma - Indigo Film

Nodeems si iwwerwantert hunn, mussen d'Bieren iessen. Vum Honger gedriwwe komme se vun hire Bierger erof bei d'Mënschen, an der Hoffnung, do Fudder ze fannen. Trotz hire friddlechen Intentioune mobiliséiert de Groussherzog seng Arméi. Iwwerdeems geet et dem Léonce, dem Chef vun de Bieren, drëms, sech am Dall no sengem Jong Tonio ëmzekucken. Deen gouf méiglecherweis vu Mënsche verschleeft ...

Dem Mattotti säi Stil war fir de Buzzati gemaach

Fir säin éischte Long-métrage, een Animatiounsfilm, huet den italienesche Comiczeechner an Illustrateur Lorenzo Mattotti (Joergang 1954) de Kannerroman "La Famosa invasione degli orsi in Sicilia" (1945) vu sengem Kompatriot Dino Buzzati adaptéiert. De villsäitege Kënschtler Buzzati war als Schrëftsteller international berühmt gi fir seng existenzialistesch Romaner (virop "Il Deserto dei Tartari"), déi Fantasy, Surrealismus a magesche Realismus matenee vermëscht hunn - een Universum, dee bei dem Lorenzo Mattotti säin typeschen, vu säftege Pastellfaarwen dominéierten Illustratiounsstil, mat deem hie sech en Numm gemaach huet, gutt passt.

"La Fameuse invasion des ours en Sicile" beandrockt dofir och duerch seng ganz apaart Ästhetik. Virun allem mat de volle Faarwen, déi un den däitschen Expressionismus erënneren, an déi esou zesummegesat sinn, datt se - zesumme mat de Schieter - en Effet vun Déift schafen. Déi imposant Bierglandschaft kënnt um groussen Ecran besonnesch zum Droen. An zwar och doduerch, datt se - wéi iwwregens all d'Dekoren an d'Personnagen - net realistesch duergestallt sinn. De Mattotti setzt villméi op eng stiliséiert, schematesch Approche, déi bei den imaginäre Genre vun der Fabel passt.

Kritik un der Muecht

Sou wierken d'Bieren (déi de Buzzati senger Zäit selwer gezeechent hat fir säi Roman ze illustréieren) wéi geometresch Figuren, eppes wat den 3D-Effet verstäerkt. Am opfällegsten ass d'Mëttel vun der Stilisatioun beim Groussherzog senger Arméi: d'Zaldote si wéi Poppe respektiv Zënnzaldoten, ee gesäit genee esou aus wéi deen aneren. Si existéiere just als ondifferenzéiert Mass, déi als Kanounefudder vun engem megalomanen Tyrann ka geaffert ginn. Am Film gi se dofir och wéi Keele vu risege Schnéiklatzen ëmgeschloen oder platt gemaach.

Dem Dino Buzzati seng Romanvirlag war um Enn vum Zweete Weltkrich erauskomm an deemno vun deem historesche Kontext gepräägt. D'Adaptatioun als Animatiounsfilm vu "La Fameuse invasion des ours en Sicile" iwwerhëlt dem Buzzati seng ëmmer nach valabel Kritik un der Muecht an der Korruptioun, déi vum Pouvoir ausgeet. De Mattotti thematiséiert och d'Mëssverständnesser tëschent de Mënschen an de Bieren (als Symbol fir dat Friemt), déi zu Krich kënne féieren, mee gläichzäiteg iwwerwonne kënne gi fir een Zesummeliewen ze erméiglechen - och wann nëmme provisoresch.

Ëm Rummhandlung erweidert

Den Animatiounsfilm ass eng méi oder manner getrei Upassung vum Roman, bis op eenzel Elementer an och der Rummhandlung, ëm déi de Film erweidert gouf: d'Bieren-Invasioun gëtt vun engem Mann a sengem klenge Meedchen erzielt: een Oflenkungsmanöver fir en ale Bier bei Laun ze halen, op dee si an enger Hiel gestouss sinn ... éier d'Déier d'Geschicht weidererzielt, dës Kéier aus der Perspektiv vun de Bieren.

"La Fameuse invasion des ours en Sicile" ass en intelligenten, kënschtleresch usprochsvollen Zeechentrickfilm, ee visuellt Freedefeier, dat souwuel Kanner wéi och Erwuessener dierft faszinéieren.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Scandinavian Silence CINEAST
Kompetitioun

Am esteschen Drama "Scandinavian Silence" flüchten zwee Geschwëster virun hirer Vergaangenheet a verléiere sech an enger verschneiter Bëschlandschaft. Ee formell radikaalt zweet Wierk vum Martti Helde.

corpus_christi_02_web.jpg CINEAST
Kompetitioun

Den Deuil, d'Laascht vun der Schold, d'Kraaft fir ze verzeien: de ganz iwwerzeegende polnesche Film "Corpus Christi" (Boże Ciało) behandelt dës schwiereg Themen op eng originell Aart a Weis.

Programm

Praktesch Infoen

  • 3.6. Generatiounen

    3.6. Generatiounen

    Manner Kalorien, Orchester an Danzmusek mam René de Bernardi an "The Sound of Music"

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen