Literatur E literaresche Phänomen an e Phantom
"Das Parfum" ass ouni Zweiwel deen däitsche Roman mam gréisste Succès an der Nokrichszäit. E Roman, deen an 49 Sproochen iwwersat gouf, a vun deem weltwäit iwwer 20 Milliounen Exemplaire verkaf gouf.

Den Auteur vun dësem Bestseller ass den däitsche Schrëftsteller an Zeenarist Patrick Süskind, an dat ass scho bal alles, wat ee vun him weess.
2006 gouf dem Patrick Süsking säi Roman "Das Parfum" dunn och vum Tom Tykwer verfilmt. Zanter Joerzéngte lieft de Süskind ganz zeréckgezunn, an dat wäert sech och haut net änneren, um Dag vu sengem 70 Anniversaire.