D’Carine Krecké ass an der Lëtzebuerger Literaturzeen scho laang keen onbeschriwwent Blat méi. D'lescht Joer huet si den drëtte Präis beim Concours littéraire national gewonnen. Dëst, fir hire Recueil mat engleschsproochege Gedichter mam Titel "Navigation Poems, 404’": Dëst Gedichtband gouf elo vun den Éditions GwinZegal an dem Centre national de l'audiovisuel ënnert dem Titel "404 / Navigation Poems" erausbruecht..
Mat hire Gedichter daucht d’Carine Krecké an eng Welt an, an där Angscht a Mëssstänn un der Dagesuerdnung stinn. An där d’Liewen desagreabel, jo ofstoussend ass. An an där jidder Strooss, jidder Gaass, an all Schloff déi nämmlecht ofstoussend Kuliss hierginn. Dat ass den Alldag an der mexikanescher Ciudad Juárez un der Grenz vun Texas.
Ciudad Juárez
Dës Stad hält schonn zënter Joren d'Spëtzepositioun an der Verbriechensstatistik. Et iwwerbidde sech Drogekarteller mat Atrocitéiten, Korruptioun bestëmmt d'Prostitutioun a Gewalt a Verbriechen definéieren den Alldag. D'Ciudad Juárez ass keen Uert, un deen ee fräiwëlleg hi reest. An dach beschreiwen d’Gedichter vun der Carine Krecké dës Stad am Detail. Si ginn engem eng Impressioun vun der Atmosphär, vun der Spannung an der Angscht, déi een empfënnt, wann een sech op d’Strooss wot, tëschent de "rows of houses / All identical and lousy".
Et ass bal, wéi an engem Thriller an dem den Toun ausgeschalt ass, deen engem eng No-go-Area weist, mat desolate Landschaften a ganz lugubere Gestalten, wou emol eng suspekt Zeen, eng louche Figur oder e Wrack eru gezoomt gëtt. D'Gedichter an "404 / Navigation Poems" beschreiwe prägnant Andréck. Si loossen dem Lieser awer all Interpretatiounsméiglechkeeten op - dëst duerch dat, wat si net soen oder einfach nëmmen undeiten. Ëmmer erëm gëtt eng Spannung opgebaut an der Catherine Krecké hir Gedichter ënnerwanderen déi norméiert Erwaardungen. Et entstinn Iwwerraschungsmomenter déi d'Lektür zu engem Erliefnes maachen.
Op Spueresich mat Google Street View
Dës Lyrik gëtt awer séier eng aner, wann een d’Bäiheft liest. Dora gëtt een nämlech gewuer a gewuer, wéi d'Gedichter entstane sinn. Den Titel "404" ass en Dead Link oder Hyperlink am World Wide Web, den op eng Websäit oder eng Datei hindeit, déi net méi disponibel ass. Dat ass wichteg ze wëssen, well ursprénglech ass et de Geschwëster Krecké dorëms gaangen, vun doheem aus - also vun hirem Computer aus - mat Google Street View, Stad Juárez auszefuerschen. Si wollten erauszefannen, op an der virtueller Realitéit Spuere vu Gewalt a Verbriechen dokumentéiert goufen an nach ze gesi sinn.
Dräi Joer laang hunn d’Carine an d’Elizabeth Krecké mat Google Street View all Schloff an der Stad duerchkämmt: Mat deem virtuellen 360-Grad-Bléck a mat engem Perceptiounsradius vu méi oder wéineger 50 Meter. Bal obsessiv a mat péngelecher Genauegkeet hu si d’Instantanéë vun der virtueller Realitéit no Verdachtsmomenter ausgefuerscht. Aus dëser virtueller, statescher Tëscherealitéit an aus deenen Notizen déi des Autorin sech während all deene Jore gemaach huet, sinn d'"Navigation Poems" ervirgaangen.
Forensesch Lyrik
Forensic Poetry nennt d’Carine Krecké hir Lyrik, déi kriminologesch Aspekter net ausléist. D’Friichte vun dësem voyeuristeschen Exzess si Gedichter, déi sech kenne weise loossen. D’Carine Krecké stellt hire Recueil ënnert de Motto vum William Burroughs senger Ausso: "A writer maps psychic areas. And like any explorer he runs the risk of being unable to return." Am nämmlechten Otemzuch seet de Burroughs awer och, datt den Ënnerscheed tëschent engem richtegen an engem onechten Auteur genau esou eendeiteg ass, ewéi deen tëschent engem tatsächleche Fuerscher an engem, dee seng Fuerschung aus zweeter Hand hierhëlt.
D’Carine Krecké hëlt hire Stoff aus zweeter Hand a mécht dorausser trotzdem en interessanten, e liewenswäerte Recueil.
Aus Kader vum Street View Projet ass och d'Expo "404 NOT FOUND" am CNA ervirgaang.