Kino E Fotoslaboratoire, vill Gepinschs an Haifësch

Déi nei Kinoswoch ass a franséischsproocheger Hand. Iwwer d'Qualitéit seet dat zwar näischt, mä et dierf ee sech awer op een Documentaire vun der Agnès Varda freeën. Och Thriller-Fans kommen op hir Käschten.

Tom Dockal / fk

"Visages, Villages"
"Visages, Villages" (Foto: Agnes Varda-JR-Cine Tamaris-Social Animals)

D'Agnès Varda mellt sech no enger längerer Paus vum Dokumentarfilm nees zréck. "Les plages d'Agnès" ass scho virun néng Joer entstanen. An dësem neien Documentaire, "Visages, villages" profitéiert si vun hirer Bekanntschaft mam Fotograf JR.

Si mécht sech mat him a sengem spezielle mobile Fotoslaboratoire op eng spontan Rees duerch ganz Frankräich. Mam Zil fir do Mënschen ze begéinen, déi eng Geschicht ze zielen hunn. A fir Fotoen ze huelen an déi iwwerdimensional grouss am ëffentleche Raum opliewen ze loossen. Do dernieft geet et och ëm d'Frëndschaft vun der Realisatrice an dem Fotograf, déi sech duerch eng ganz wichteg Renconter mam Jean-Luc Godard verdéift.

"Mon poussin" huet e wierklech einfachen Ufank. En 18-jährege gëtt vu senger Frëndin sëtze gelooss. Déi éischt grouss Léift ass der Däiwel, e Weltënnergank steet virun der Dier. Dat éiwegt Gesouers a Gepinschs vum Jong geet den Elteren iergendwann awer ferme op d'Schlappen. Si decidéiere mat hirem Jong e Liebesentzug ze maachen. De Frédéric Forestier huet de Film realiséiert. D'Isabelle Nanty, de Pierre-François Martin-Laval an den Thomas Solivérès spille mat.

De Fabrice Gobert huet sech weltwäit en Numm gemaach, fir d'Creatioun vun där bis dato eenzeg wierklech gudder Serie "Les revenants". Mat "K.O." presentéiert hie säin zweete Laangfilm fir de Kino. Am Film spillt de Laurent Lafitte en arrogante Kader mat vill Muecht. Hien ass en aggressiv dominanten Typ, op der Aarbecht wéi doheem.

Ënner mysteriéisen Ëmstänn lant hien awer enges Daags am Koma. Wéi en erwächt, ass näischt méi wéi et war. Albdram? Komplott? Wat ass Realitéit, wat ass en Dram? Mat deene Froe muss sech dem Lafitte säi Personnage ronderëm schloen. D'Chiara Mastroianni ass mat vun der Partie.

Kuerz ier all Mënsch sech a Richtung Plage a Sonn mécht, zerwéiert den amerikanesche Kino eppes, wat engem d'Angscht virum Waasser soll andreiwen. Lescht Joer war dat "The Shallows". Dëst Joer heescht de Film "47 Meters Down".

An deenen zwee Filmer spillen Haien eng wichteg Roll. D'lescht Joer huet d'Blake Lively sech misse vun enger Boje knapp 300 Meter un d'Plage schleefen, ouni vun deene Fësch gejickt ze ginn. Dëst Joer mussen d'Mandy Moore an d'Claire Holt iergendwéi aus engem Tauchkäfeg erauskommen, dee sech lassgeléist huet. An dat ier hinnen d'Loft aus de Fläschen ausgeet. Tëschent dem Käfeg an der Waasseruewerfläch sinn 47 Meter, an, wéi gesot, Haifësch.

An da leeft nach "Transformers : The Last Knight" vum Michael Bay.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

Pirate Bay.JPG Meenung
File-Sharing um Internet

No engem Geriichtsuerteel géint d'File-Sharing Plattform Pirate Bay, kéint et an Zukunft méi schwéier ginn, gratis Musek a Filmer um Internet erofzelueden. War et just eng Fro vun der Zäit?

L'amant double
Kino

De Bléck op déi nei Kinosprogrammatioun léisst op Summer deiten. Dat ka Schlechtes bedeiten. Muss et awer net automatesch. Den Highlight vun der Woch ass ee slicken Erotikthriller vum François Ozon.

Stefan Henkes
Film

De Stefan Henkes war Set dresser a Stand-by fir d'Aussenzeene vum neien Alien-Film. Hien huet souwuel déi spektakulär Landschaft vu Neuseeland awer och kënschtlech Planzen an Zeen gesat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen