CinEast E Film iwwer Wonner an Hoffnung

Den ambitiéise Film"Jupiter's Moon" vum Kornel Mundruczo suivéiert e Flüchtling mat aussergewéinleche Kräften. Nodeems dem ungaresche Film- an Theaterregisseur säi Genre-Film iwwer Wonner an Hoffnung zu Cannes an der Haaptkompetitioun gelaf ass, war en och am Kader vum CinEast-Festival 2017 ze gesinn.

Maxi Pesch / jcm / cbi

jupiters_moon_02.jpg
Foto: CinEast Festival

Aus engem Drama iwwert Mënscherechter, gëtt e "Super Hero-Thriller", gemëscht mat Fantasy a schwaarzer Komedie. Dobäi kënnt och nach ee reliéise Message, a mer hunn dem Kornel Mundruczo säi fonkelneie Genre-Film. Verschiddener waren deemno e bëssen duercherneen nodeems se aus dem Film eraus komm sinn. Dat ass well een den Thema vum Film net komplett géif verstoen, esou de Kornel Mundruczo. Net verstoe, op et elo e Film iwwert d'Flüchtlingskriis oder iwwert eng Relatioun tëscht engem Mann, dee keng Repère méi a sengem Liewen huet an engem Migrant wär. Et kéint, fir de Realisateur, alles an engems sinn.

Foto: CinEast Festival.

E weidere Film iwwert d'Flüchtlingskriis

"Jupiter's Moon" ass ee vun de ville Filmer dëst Joer iwwer d'Flüchtlingskrise an Europa. Mee de Mundruzco péckt de Sujet op eng ganz speziell Aart a Weis un. De Film fänkt mat enger Zeen un an der syresch Migranten vun der ungarescher Grenzpolice verfollegt ginn. Dobäi gëtt den Aryan e puer mol erschoss. Hie stierft awer net mee säi Kierper fänkt un ze fléien. A genee dës magesch Kraaft dréit duerch de ganze Film.

Foto: CinEast Festival.

Suen bestëmmen d'Liewen

De jonke Syrer Aryan gëtt vum korrupten Dokter Stern opgeholl. Deen am Aryan am Ufank just ee Moyen gesinn huet fir Suen ze maachen. Sech duerno awer lues a lues zum Held entwéckelt a géint eng korrupt an zynesch Societéit kämpft. Eng Gesellschaft déi just no Sue strieft an souguer d'Wonner net méi uecht.

Niewent dëser ugespaanter Geschicht, stécht "Jupiter's Moon" virun allem wéinst senger visueller Konscht eraus. 2014 gouf den ungaresche Realisateur an der Kategorie "Un certain Regard" um Filmfestival zu Cannes ausgezeechent, deemools fir säi Film "White God".

An der Mediathéik:

Kultur / / Maxi Pesch
Lauschteren

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen