Nei Lyrik "du lauschst dem lärmen der bäume"

"Du lauschst dem lärmen der bäume" heescht d'Ausstellung, déi nach bis den 3. Juni am Schëfflenger Konschthaus ze gesinn ass. D'Kënschtlerin Marie-Pierre Trauden-Thill, d'Schrëftstellerin Ulrike Bail an de Photograph Vic Fischbach hu sech zesummen engem Sujet higinn: dem Bësch. Der Ulrike Bail, déi 2021 mam Servais-Präis fir hiert Gedichtband "wie viele faden tief" ausgezeechent ginn ass, stellt hei hier nei Lyrik vir.

Valerija Berdi / cz

"du lauschst dem lärmen der bäume"1
Fotoen: Ulrike Bail

"Du lauschst dem lärmen der bäume", e Gedicht vun der Ulrike Bail huet och der Ausstellung den Numm ginn. Op zwou Etagen am Schëfflenger Konschthaus vereene sech dräi Konschtgenre, bilden eng Symbios, esou wéi e Bësch.

Tëschent dem Vic Fischbach sengen Nature printings, Cynanotypien an Photoen, déi méifach beliicht goufen, der Marie-Pierre Trauden-Thill hire Collagen an Installatiounen, alles am Kontext vum Bësch. Am leschte Gedichtband "statt einer ankunft" si Bus- an Tramhaltestellen an der Stad d'Matière vun hirer Dichtung. Mee an engem laange Gedicht verléisst si do schonn den urbanen Terrain a Richtung Bambësch.

"Mir war et kloer, datt ech eppes iwwer de Bësch maache wëll, ech hunn dann d'Marie-Pierre Trauden-Thill kenne geléiert, de Vic Fischbach ass derbäi komm a do ass zwee Joer laang déi Ausstellung gewuess."

Foto: Ulrike Bail

Faszinéiert vun der Fachsprooch

Fir iwwer de Bësch ze schreiwen, sech mat der Flora a Fauna dichteresch ausernaner ze setzen, do muss een de Bësch wuel gutt kennen. D'Ulrike Bail verbréngt all Dag mat hirem Hond Zäit am Bësch.

"Esou gesinn ech d'Joreszäitewiessel an och wéi d'Forstwirtschaft zougeschloen huet. Inspiratioun ass awer net nëmmen dat, wat ech am Bësch gesinn. Et ass d'Sprooch vun der Forstwirtschaft faszinéiert huet, net ëmmer ganz positiv, well do gëtt villes verniedlecht. E Bam gëtt do net ëmgeschloen, mee "entnommen". Eis Bëscher si keng Bëscher méi, dat si Plantagen, déi reng nom Notzen a Gewënn gefleegt an traktéiert ginn. Dofir ginn et jo esou vill Fichtebëscher."

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Wollef
Natur

En Dënschdeg hat d'Naturverwaltung gemellt, datt zu Ëlwen e Schof warscheinlech vun engem Wollef gerass gouf. Wann de Wollef op Lëtzebuerg zeréck kéim, wier dat gutt fir Bëscher a Biodiversitéit, esou d'Naturverwaltung.

Bësch
Biophilia

Den Zoustand vum Bësch ass alarmant. Nieft Raupen a Pilzer ginn d'Beem virun allem duerch Klimaextreemer wéi Dréchent oder Frascht geschiedegt. Dofir sollen d'Bëscher zukünfteg méi resistent gemaach ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen