arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dr. Robert L. Philippart

Invité am Moies-Magazin

|
reading time

1 min

Dr. Robert L. Philippart

Den Dr. Robert L. Philippart ass UNESCO Site Manager zu Lëtzebuerg. Lescht Woch gouf am zweeten Ulaf déi nei Promenad UNESCO duerch d'Stad Lëtzebuerg presentéiert.

reading time

1 min

Den Dr. Robert L. Philippart seet, hie wier nach ëmmer e Stater Jong gewiescht. Mat 17 Joer huet hien ugefaange sech fir d'Stad Lëtzebuerg ze interesséieren. Dofir wier hien ëmmer no der Schoul mat enger klenger Kamera duerch d'Stad gaange fir Gebaier ze fotograféieren.

Well hie sech ëmmer méi fir d'Geschicht interesséiert huet, ass den Dr. Robert L. Philippart dann och op Louvain Geschicht studéiere gaangen. Hien huet dann och seng Doktorsaarbecht iwwer d'Ëffnung vun der Stad Lëtzebuerg vun 1859 bis 1920 geschriwwen. Mëttlerweil huet hien iwwer 180 Publikatioune verëffentlecht, meeschtens iwwer d'Architektur vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Stad géif sech ëmmer weider entwéckelen, an och den Dr. Robert L. Philippart géif all kéiers eppes Neies an der Stad entdecken, zielt hien. Dat Wichtegst ass fir hien de Changement vun der Stad festzehalen.