Sie kam aus Mariupol Diffus Spuren aus enger reeller Vergaangeheet

"Wann s du gesinn häss, wat ech gesinn hunn ..." D'Natascha Wodin kritt dës Wieder ëmmer erëm vun hirer Mamm ze héieren. Mee eréischt en halleft Joerhonnert nom Suicide vun der Mamm versteet déi ukrainesch-däitsch Schrëftstellerin dës Ausso. Eng Biografie iwwert e Liewen ënner dem Regimm vum Stalin an der uschléissender Zwangsaarbecht an Nazi-Däitschland.

Valerija Berdi / ys

Tipp Mariupol.JPG

Sie kam aus Mariupol. Mat "sie" ass d'Mamm vun der Schrëftstellerin Natascha Wodin gemengt. Si selwer gouf 1945 an engem bayreschen DP-Lager gebuer. DP steet fir Displaced Persons - hir Eltere waren 1944 als sowjetesch Zwangsaarbechter an Däitschland deportéiert ginn.

D'Schrëftstellerin ass an engem Kannerheem opgewuess, hir Mamm hat sech d'Liewe geholl, wou d'Natascha 10 Joer al war. Si huet vill méi spéit Sprooche studéiert, als Iwwersetzerin geschafft an ass fir hir Literatur mat ville Präisser ausgezeechent ginn. An nach vill méi spéit huet si sech op d'Spure vun hire Virfahre gemaach.

Diffus Souveniren

Eng éischter zoufälleg Recherche um Internet mécht der Wodin eng Welt op, déi si bis dohinner net wollt kennen. Vun där si just ganz kleng Stécker, niwweleg an diffus an Erënnerung hat. Souveniren, vun deene si net méi wousst, ob se reell oder just e Produit vun hirer Fantasie waren. Well Fantasie huet dat klengt Natascha als Kand vun de Feinden am Nokrichsdäitschland gebraucht fir iergendwéi z'iwwerliewen.

Am éischte Kapitel erzielt d'Natascha Wodin iwwer hir Kandheet, vum verschwommene Bild vun der Mamm, a wéi si mat Hëllef vun engem Friemen iwwert e russesche Forum um Internet op eemol Zougang zu hirer eegener Geschicht kritt. Zu enger Famill mat där si bis dohi just duerch e puer verblatzte schwaarz-wäiss Fotoe verbonne war.

Eng reell Geschicht

D'Natalja Nikolajewna Wdowina stéisst permanent op nei Informatiounen iwwer déi adeleg Racinnen, iwwer de bolschewistesche Geescht, iwwer Verbriechen an Talenter. A virun allem doriwwer, wat totalitär Regimmer mam Mënsch maachen a wat si him undoen.

Wat sech wéi eng Mëschung aus Solschenizyn an Dostojewski liest, ass déi reell Geschicht vun der ukrainesch-russescher Vergaangenheet vun der Schrëftstellerin.

Ech ka just all Lieser de Rot ginn, während der Lecture eng Sichmaschinn bei Hand ze hunn, fir all di friem Plazen, bekannten Nimm, wonnerschéi Stëmmen a grujeleg Verbriechen nozeliesen, ze lauschteren an z'entdecken. An net ze vergiessen.

D'Natascha Wodin schreift an enger Sproch, déi mol ganz haart, mol ganz poetesch ass. Si spigelt all Moment hir Verfassung op dëser aussergewéinlecher Rees an d'Vergaangenheet.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Valerija Ott.JPG Tipp
Buch-Tipp

Wéi wäit decidéiere mir selwer iwwert eist Handelen? Dës Fro stellt sech den Ech-Erzieler, groussen Adept vum Spinoza, am Roman "Endlich Stille" vum Karl-Heinz Ott.

Instituteur de campagne Tipp
Buch-Tipp fir de Summer

De Schnéi geet bis bei den Nuebel an d'Schüler brénge gedréchent Bricketten, fir den Uewen an der Klass opzehëtzen. De Wanter ass haart. E poetescht Tagebuch vum tierkeschen Dichter Azad Ziya Eren.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen