Frankfurter Buchmesse "Dies ist, was wir teilen" - Flanderen an Holland

Holland a Flandern hu sech zesummen als Éieregaascht op der Frankfurter Buchmesse presentéiert. Aus der Siicht vum Organisateur geet dat sécher op déi gemeinsam Sproch zeréck. Mee Flämesch an Hollännesch sinn net wierklech dat Nämmlecht, seet d'hollännesch Autorin Joke van Leeuwen.

Nathalie Bender / kh / cwi

Dies ist was wir teilen
Foto: Frankfurter Buchmesse / Marc Jacquemin

"Mir schwätze alleguerten Nidderlännesch", seet déi an Holland gebuerene Autorin Joke van Leeuwen. Deementspriechend kann een och de Motto "Dies ist, was wir teilen" (op hollännesch: "Dit is, wat we delen") vum flämesch-hollänneschen Pavillon op der Frankfurter Buchmesse verstoen. Mee et géif e puer fein Ënnerscheeder am Sproochegebrauch ginn, esou d'Autorin.

D'Joke van Leeuwen ass net nëmmen Autorin, Illustratorin a Kabarettistin, mee och Presidentin vu PEN Flandern. Si lieft mëttlerweil a Flanderen a kennt den Sproochegebrauch vun deene zwee Länner souzesoen aus éischter Hand. D'Ënnerscheeder géife virun allem d'Aussproch concernéieren, erkläert d'Autorin. D'Leit a Flandern géifen e bësse méi melodesch a méi douce schwätzen, wei d'Hollänner. Och géif een am Flämesch-Nidderlänneschen nach Wieder fannen, déi an Holland schonn almoudesch wieren. Datt wier an den Ae vum Joke van Leeuwen awer e Virdeel vun de Flamänner: "Mir a Flanderen erhalen nach di schéin Wierder" .

Gedeelte Sprooch

Déi ënnerschiddlech Entwécklung an der eigentlech gemeinsamer Sprooch vun Holland a Flandern ass fir d'Joke van Leeuwen eng Konsequenz aus der Geschicht vun de Länner. Nom 80-Jäerege Krich war Holland eng Republik a Flanderen a koum ënner spuenesch Herrschaft. D'hollännesch Bevëlkerung gouf méi räich an onofhängeg an d'Flamänner goufen ëmmer mi arem. Déi raimlech Trennung huet dann och d'Sproch gedeelt - et kéint een also soen, datt sech déi hollännesch Sproch duerch de Kontakt mat der Baussewelt méi séier weiderentwéckelt huet, esou d'Autorin.

Haut strieft ee mat der "Nederlands Taalunie" - der Hollännescher Sprochenunioun, déi zanter 1980 existéiert - eng eenheetlech Orthographie vun der hollännescher Sproch un. Zil ass ënner anerem, fir eng Entwécklung vu Referenzwierker fir d'Sprooch ze léieren an eng gemeinsam Sproochepolitik op europäeschem Niveau ze maachen.

"Méi seriéis Saache mat Humor soen."

Holland war schonn 1993 Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse. Esou en Optrëtt géif een entspriechende Retour fir d'Land, notamment säin Literaturbetrieb, bréngen, seet d'Joke van Leeuwen. Mee et géif een och mierken, datt eng Kommerzialiséierung stattfonnt hätt an dorunner géif - speziell an der Kannerliteratur - d'Villfalt leiden.

Trotzdem wieren d'Nofro an den Interessi un der nidderlänneschen Literatur do - dat géif d'Éiereplaz op der Frankfurter Buchmesse beweisen. An d'Joke van Leeuwen weess och, wat fir eng Besonderheit d'idderlännesch Sproch d'Auteuren géintiwwer Wierker vun anere Länner auszeechent: "Datt ee méi seriéis Saache mat Humor soe kann."

An der Mediathéik:

Kultur / / Nathalie Bender
Lauschteren

Méi zum Thema

Holland a Flanderen @ Frankfurter Buchmesse
Frankfurter Buchmesse 2016

Flanderen an Holland deele sech d'Mier, en Horizont, eng Sprooch a villes méi. Mam Motto "Dies ist was wir teilen" si si Éiregaascht op der Frankfurter Buchmesse. Wat hu si literaresch ze bidden?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen